Den 8. Juli gouf an der franséischer Assemblée Nationale d’Loi Duplomb votéiert mat de Stëmme vun der Regierung an der Droite. A géint de Widderstand vun de lénke Parteien an den Ekologisten. D’Gesetz ass eng Äntwert op d’Bauereprotester a gesäit ënner anerem vir, datt e verbuedene Pestizid nees dierf agesat ginn. Eng Petitioun géint d’Gesetz gouf lancéiert an huet bis elo 1,5 Milliounen Ënnerschrëfte kritt - genuch fir den Debat an der Assemblée nees ze lancéieren. Wat sinn déi potentiell Riske vum Gesetz, wien opposéiert sech a wéi geet et elo weider, doriwwer schwätze mir mat eisem Paräisser Korrespondent Max Tholl.