Vill Leit hoffen an der Silvesternuecht ee Freedefeier ze gesinn. E Phenomeen, dat ëmmer nees fir vill Diskussioune suergt, an zwar tëschent deenen, déi wëllen hir Knupperte lassloossen, an deenen, déi vläicht éischter hir Rou wëllen hunn. Dobäi kënnt, datt all Gemeng seng eege Reegelungen huet.