Fro den Affekot

Fro den Affekot

By RTL Radio LëtzebuergSociety & Culture
Download on the App Store

Fro den Affekot episodes

  • Wéi vill Stonne schaffe sinn normal?, 24/02/2026
    Kënnt den 12 Stonnendag an Däitschland? A verschiddene Parteien gëtt dat de Moment zimmlech hefteg diskutéiert.

    Kënnt den 12‑Stonnen-Dag zu Lëtzebuerg?

    An Däitschland gëtt hefteg iwwer eng Aféierung vun engem 12‑Stonnen-Aarbechtsdag an enger 48‑Stonne-Woch diskutéiert. Zu Lëtzebuerg ass dat aktuell net realistesch, seet den Affekot Maître Jean‑Jacques Schonckert am Gespréich mat RTL.

    Wéi gesäit d’Gesetz bei eis aus?

    Zu Lëtzebuerg gëllen dës Limitten:

    8 Stonnen den Dag,

    40 Stonnen an der Woch,

    maximal 10 Stonnen den Dag inklusiv Iwwerstonnen.

    Domat ass en 12‑Stonnen-Dag ausgeschloss.

    EU-Direktiv géing et erlaben – mee praktesch geet et net

    Eng europäesch Direktiv looss eng 48‑Stonnen-Woch zwar zou, mee de Schonckert mengt net, datt Lëtzebuerg dat iwwerhëlt. Den Dialog social an d’Tripartite géifen esou eng Reform kaum matdroen.

    Cadres supérieurs: eng Ausnam

    "Führungskräften" falen dacks net ënnert déi strikt Reegelen, mee och do gëllt: keng blann Öffnung fir méi Stonnen.

    Feierdeeg a Homeoffice

    Feierdeeg kéinte just iwwer e Gesetz ofgeschaaft ginn – „politesche Selbstmord“, seet de Maître.

    Leit am Homeoffice hunn déi selwecht Aarbechtszäitbegrenzungen wéi all aner.

    Fazit

    D'Gesetz gëtt de Rhythmus vir, an d’ITM kontrolléiert e strikt.

    „D’Aarbechter brauchen net ze fäerten, datt mer vun haut op muer méi musse schaffen.“
    5 min

About Fro den Affekot

From the publisher's feed

Juristesch Froen aus dem Alldag einfach erkläert