An der Europäescher Unioun kéint et haut zu engem Accord an engem Dossier kommen - deen éischtens schonn zéng Joer schleeft an dee fir Lëtzebuerg zimmlech wichteg ass: Rieds geet vum Reglement, datt d’Securité Sociale-Systemer ënner de Memberlänner koordinéiert soll ginn. Fir de Grand Duché geet et do ëm vill Suen.