Wosst Dir, datt et zu Duelem ee réimeschen Theater aus dem Joer 10 viru Christus gëtt? Wa jo da sidd Dir warscheinlech ënner de puer Raren hei am Land, déi dëse Site kennen. Dovu ginn op alle Fall d’Gemeng Duelem zesumme mam Kulturministère, dem INRA (Institut national de recherches archéologiques ) a weideren Associatiounen aus. Si wëllen de gallo-réimesche Site méi bekannt maachen. Ricciacum, wéi Duelem zur Réimerzäit genannt gouf, war deemools nämlech weit iwwer déi heiteg Grenzen eraus bekannt. D’Sté Bisenius war bei enger Visitt vum archeologesche Site zu Duelem dobäi.