Sign up to save your podcastsEmail addressPasswordRegisterOrContinue with GoogleAlready have an account? Log in here.
Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi... more
FAQs about Gréng op den Oueren:How many episodes does Gréng op den Oueren have?The podcast currently has 19 episodes available.
July 30, 2026Ëmweltschutz an der Stad LëtzebuergWat bedeit Ëmweltschutz eigentlech am Alldag vun enger Stad?De Pierre Schmitt, Délégué à l'Environnement vun der Stad Lëtzebuerg, gëtt eis en Abléck an d'Aarbecht hannert de Kulissen.Mir schwätzen iwwer Loftqualitéit, iwwer den Opbau an d'Organisatioun vum Service Environnement an doriwwer, wéi och grouss Eventer ëmmer méi nohalteg an ëmweltfrëndlech organiséiert ginn. Eng spannend Episod iwwer déi vill Facettë vum Ëmweltschutz an eiser Haaptstad....more29minPlay
April 24, 2026Nohalteg Bauen, mam Martine Schummer vu Schroeder & AssociésWou kënnt d'Nohaltegkeet eigentlech am Spill, wann een nei Gebaier plangt?Dës Fro stelle mir dem Martine Schummer vu Schroeder & Associés an dëser Episode vu Gréng op den Oueren. Wat bedeit "nohalteg" iwwerhaapt? Ass et nëmmen eng Fro vum Bauen – oder eng ganz Aart a Weis ze denken?Lauschtert eran an entdeckt e Gebai ouni Dieren, nohalteg Approchen am Alldag – an eng Crèche, déi am ganze Land bekannt ass....more32minPlay
October 08, 2025Sonn fir jiddereen – zesumme Stroum deelenWat wier, wann een zesumme mat sengen Nopere kéint Energie deelen?Wat op deem éischte Bléck ongewéinlech kléngt, ass haut Realitéit. Mat de sougenannten Energy-Sharing-Gruppen ass et elo méiglech, zesumme mat den Noperen an och mat klénge Betriber Energie ze deelen.Zesumme mam Fenn Faber a Gilbert Théato vun der Klima-Agence, souwéi mam Tatiana Berseneva vun Enovos, kucke mir hannert d’Kulisse vun dësem spannende Konzept, bei deem och dir dobausse kënnt matmaachen....more29minPlay
July 31, 2025Mam Wandrad vun der Zäit goenEt ass faszinéierend: Ee Wandrad muss just eemol dréinen, an et kënnen direkt bis zu 10 Batterien vun Elektro-Veloen opgelueden ginn.Trotz hirem Potenzial ginn et nach Suergen – wéinst Lautstärk, Landschaftsbild oder Naturimpakt. Wéi vill dovun ass nach haut berechtegt? De Paul Zeimet vu SOLER – eisen Invitée an dëser Episode vu Gréng op den Oueren – geet genee dëse Froen no.Hie verréit, firwat och d’Gemengen eng wichteg Roll spillen, firwat d’Wandrieder net rosa däerfe sinn a wéi de Grand-Duc reagéiert huet, wéi e Wandrad bei sengem Schlass opgeriicht gouf....more27minPlay
April 29, 2025Nohalteg ënnerwee mat der CFLBei der CFL ass dat méi, wéi just eng Fro – et ass eng Missioun. Vun erneierbaren Energië bis zu grénger Infrastruktur : déi national Eisebunnsverwaltung beweist, dass Transport an Ëmwelt keng Géigesätz musse sinn.Vun Innovatiounen, iwwer Strategien an Ëmweltbewosstsinn, schwätzt de Max an dëser Episod mam Sandy Nonnweiler, CFL-Pressespriecherin, an dat direkt aus dem Zuch eraus.Donieft geet et och ëm de PPA-Projet tëscht der Enovos an der CFL....more26minPlay
March 19, 2025Green EventsEgal ob Festival, Sportsevent, Dëppefest oder Marche Gourmande – Eventer spillen eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft. Ma wéi kënnen se nohalteg organiséiert ginn? Doriwwer schwätze mir an dëser Episod mam Oekozenter Pafendall an der SuperDreckskëscht.Ee weidere Gaascht ass de Max Pesch aus dem Organisatiounscomité vum e-Lake Festival. Hien erkläert, firwat sech de Festival op de Fändel geschriwwen huet, sech och ëm de Label vum Green Event ze beméien....more26minPlay
October 28, 2024Waasserstoff: En Deel vun der EnergiezukunftWaasserstoff – eng Technologie mat Potential.An dëser Episode kréie mir en exklusive Bléck op d'Chancen an d'Hierstellung vum Waasserstoff vum Yves Reuter, Chef Projet am Beräich Waasserstoff bei Enovos. Zousätzlech hu mir de François Schneider, Strategy, Markets & EU Regulations bei Creos, ageluede fir seng Expertis iwwert déi national an europäesch Strategië mat eis ze deelen....more26minPlay
July 18, 2024Biodiversitéit a Photovoltaik: Hand an HandSolar-Stroum produzéiere matten an der Natur an zäitgläich d‘Biodiversitéit ënnerstëtzen – geet dat zesummen?An dësem Episod schwätze mir iwwer 2 verschidde Konzepter – engersäits iwwer Agri-PV, woubäi d’Landwirtschaft an d’Energieproduktiounsanlag sech ënnerstëtzen an anerersäits iwwer eng schwammend PV-Anlag op engem Baseng – en eemolege Projet mat Iwwerraschungen.Dofir waren de Patrick Jeitz an den Eric Golinelli bei eis an hunn iwwer d’Challenges an d'Chancë vun sou Anlage geschwat. Och den Expert Pierre Kalmes vum Büro d’Etudes efor_ersa huet iwwer hir Beobachtunge bericht.Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal....more31minPlay
May 21, 2024Fraen an der Welt vun der EnergieAn dësem Episod dréit sech alles ëm d’Fraen an der Welt vun der Energie: Wéi ass et als Fra am Secteur ze schaffen? Mat wat muss ee rechnen? Wou hunn sech Aarbechtskonditioune verbessert? A wou muss nach eppes geschéien?Mam Laurence Zenner, CEO vu Creos, mam Laetitia De Oliveira, Project Manager am Beräich Logistic Support bei Creos, mam Lara Gensous, Project Manager am Beräich Renewable Energies bei Enovos a mam Anouk Hilger, Head of Renewables bei Enovos, bléckt de Max e bësse méi kritesch hannert d’Kulisse vun der Energie Branche.Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal....more38minPlay
February 02, 2024Smart DoheemAn dësem Episod dréit sech alles ëm Smart Homes: Wat mécht een Haus eigentlech "smart"? Wat kann ee mat der neier Technologie alles maachen? A virun allem, ass et just en "Nice-to-Have" oder kann ee mat der Smart-Home-Technologie wierklech Geld an Energie spueren?Doriwwer schwätzt de Max mam Laurent Saeul, Administrateur délégué vu Minusines. Mee net nëmmen dat: Hie geet och live op e Chantier! De Charel Lentz baut nämlech grad een neit Haus. Bausse mat vill Holz a bannen… eebe smart.Dëse Podcast ass eng Co-Produktioun mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal....more34minPlay
FAQs about Gréng op den Oueren:How many episodes does Gréng op den Oueren have?The podcast currently has 19 episodes available.