En Affekot, dee sech mat Häerz a Blutt a Séil fir ee Mandant asetzt, ouni sech sécher ze sinn, datt e wierklech onschëlleg ass; eng Judo-Kämpferin, déi géint d’Instruktioune vun hirem eegene Land virgeet; eng Fra, déi den Dämon vun hirer Jugend konfrontéiere muss, fir hir Duechter ze retten - egal op dem Tim Burton säi "Beetlejuice Beetlejuice", dem Daniel Auteuil säi "Le Fil" oder dem Guy Nattiv an der Zar Amir Ebrahimi hiren "Tatami": am Grousse Kino geet et ëm Dilemmaen, ëm Entscheedungen, déi eist Gewësse strapazéieren.