"Harmonesche Moien", esou heescht déi nei Sendung um Opus, déi méindes bis freides ëmmer vun 9 bis 12 Auer Moies leeft. Lauschtere kann een déi aktuell net nëmmen um Webradio op www.opus.radio, mee och op der Opus-100,7-App. Do kann een och soss zu all Moment ee breede Choix u klassescher Musek lauschteren, vill Interviewen ënner anerem am Kader vun aktuelle Concerten a weider spannend Formater fir klassesch Musek nei kennenzeléieren. Weekends lafe weider vill Concerten, a sonndes gëtt et zweemol eis Sendung "Resonanzen", an där aktuell Eventer aus der klassescher Musekszeen am Vierdergrond stinn.
Weider ginn et och reegelméisseg Concerten, déi live um Opus presentéiert ginn. Eisen éischte Live-Concert vun dëser Saison presentéiert de Guy Engels haut den Owend, 22.9. Et ass ee grousse Concert, dee mir Live vun hallwer 8 un aus der Philharmonie iwwerdroen, well do stinn direkt zwee grouss Lëtzebuerger Chéier op der Bün, an domat nach net genuch - mat dobäi sinn och d’SEL - d’Solistes Européens, Luxembourg an hire Chefdirigent Christoph König, a mat dobäi ass och nach de Pianist Jean Muller.