Klassik Aktuell

Heartbeats


Listen Later

"Outside the box" - esou beschreift d'Philharmonie dëse Concert vum 27. Februar 2025. Am Mëttelpunkt steet d'Vivi Vassileva. Déi bulgaresch-däitsch Perkussionistin trëtt weltwäit op an ass och ganz bekannt mat hire kreativen a positive Videoen op de soziale Medien.
An der Philharmonie spillt si zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker, an am Fokus steet en neit Wierk: “A Savage Beat”
Dëse Concert iwwerdroe mir live um opus 100,7 a radio 100,7 den Donneschdeg, 27. Januar vun 19:30 un aus der Philharmonie. Et ass eng gemeinsam Iwwerdroung mam SR Kultur, déi vum Christophe Mirkes a vum Maria Gutierrez moderéiert gëtt.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Klassik AktuellBy radio 100,7