Eigentlech wollt de Gemengerot hei de Plang vun enger neier Bësch-Crèche virstellen - eng Iddi, déi d’Bewunner och prinzipiell guer net esou schlecht fannen. Mee et huet een trotzdeem séier gemierkt, datt d’Bierger:inne vu Rodange am Grousse Ganzen onzefridde sinn oder besser: nach ëmmer onzefridde sinn - domat, wat am Quartier am Doihl geplangt ass. Si hunn dem Gemengerot gëschter virgeheit onprezis ze sinn a schlecht ze kommunizéieren.