D’Hëtzt bleift och haut ee vun den dominanten Theemen. Déi meescht vun eis kënne sech, wann et méiglech ass, an de Schiet, an e klimatiséierte Büro oder doheem hanner zoue Rolllueden zeréckzéien. Mee et ginn och vill Leit, déi de ganzen Dag dobausse schaffen – zum Beispill um Chantier. D'Paule Rodesch mellt sech live vun Esch a schwätzt mam Gérard Thein vu Bonaria Frères doriwwer, wéi den Aarbechtsalldag um Chantier un déi héich Temperaturen ugepasst gouf.