E puer Wierder iwwer Wierder

Hittchen 2/2


Listen Later

Och am zweeten Deel geet et ëm den Hittchen: Wou kënnt en hier a wéi fakultativ ass en iwwerhaapt?
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Mir sinn haut am Deel 2 vun der Hittchen-Episod?
C: Jo, ech hat ze vill cool Saache fonnt iwwer den Accent circonflexe, dee mer am Lëtzebuergesche sou léif 'Hittchen' nennen.
S: A mer ware stoe bliwwe bei der Fro, wou deen iwwerhaapt hierkënnt. Also firwat brauch ech eigentlech en Hittchen op engem Vokal am Franséischen?
C: Generell ass et interessant ze wëssen, dass den Accent circonflexe fir en S steet, dee mat der Zäit verluer gaang ass. Een S, deen och souwisou net méi mat ausgeschwat gouf. An dat gesi mer heiansdo, wa mer Wierder vergläichen, Englesch, Franséisch oder wa mer e Champs lexical am Franséische vergläichen.
S: Hues de Beispiller?
C: Mir hunn zum Beispill 'forêt', schreiwe mer hanne mat E Hittchen T an am Engleschen hu mer 'forest', do hu mer den S nach. Oder 'la bête' vu 'Beast' oder 'Bestie', wou mer den S gesinn an héieren, 'île' a Latäin 'insula', Spuenesch 'isla' asw. Dat hu mer awer deelweis och am Franséische selwer. Also mir hunn 'arrêt' mat engem Circonflexe, mee 'arrestation', dat heescht do kënnt den S erëm zum Virschäin. Awer verschidde Wierder, déi och schonn emol en S haten, hunn awer haut keen Accent circonflexe. An dat mécht en eeben esou intransparent oder "incohérent", wéi se am LeRobert soten.
S: Wat wier do e Beispill?
C: Ech hu Wierder wéi 'chaque', also wéi 'chaque matin'. An dat gouf fréier och mat engem S geschriwwen, chasque – ganz zréckgekuckt kënnt et vum Latäin 'quisque' (jiddwer). Awer haut hu mer do kee Circonflexe drop. Et gëtt do Theorien, dass dat och eppes mat der Vokallängt zesummenhänkt, mee dat ass keng Reegel, déi ëmmer gräift. Dofir muss een do e bësse virsiichteg sinn. Wichteg ass awer, dass quasi all Vokal coifféiert ka gi vun engem Circonflexe, den A E I O U.
S: An awer fakultativ um I an um U? Heescht dat, dass ech de Choix hunn?
C: En ass do generell fakultativ, just vereenzelt ass en nach obligatoresch, fir e Bedeitungsënnerscheed ze maachen oder fir op bestëmmte Verbformen hinzeweisen. Beispillsweis bei 'sur' a 'sûr': sur = op a sûr = sécher. Do muss e stoen. An da gëtt et Wierder, wou en ewechfale kann.
S: A wéi eng Wierder sinn dat?
C: Ma et ass ganz léif, de franséische Kulturministère huet do esou e klengt Iwwersiichtsdokument. Dat heescht 'Mini Guide de la Nouvelle Orthographe'. An do dinn ech mech iwwregens ëmmer schwéier, dass et am Franséischen net 'Orthographie' ass, mee 'Orthographe' …
S: Ech hätt och Orthographie gesot!
C: An den Accent circonflexe, dee verschwënnt elo um I an um U. An do sinn als Beispiller entraîner oder coût fir d'Käschten. A béide Fäll KANN een den Hittchen ewechloossen.
An do hu mer natierlech elo d' Fro, wat maache mir mat Wierder, déi mir am Lëtzebuergeschen hunn? Bis elo hu mer just Schreiwunge mam Hittche gehalen.
S: A wat sinn dat da fir Wierder, déi do am Lëtzebuergesche betraff sinn?
C: Mat I hätt mer abîméieren, Boîte, Chaîne, Maître (vu Maestro), maîtriséieren asw.
S: A mam U?
C: Bûche (passend bei Chrëschtdag), Croûton, Goût, Piqûre, Ragoût. Déi sinn och all den Ament am Lëtzebuergeschen just mat Hittchen. Well mer och net ëmmer direkt sprange kënnen, soubal iergendwéi eppes ugepasst gëtt. An och wéi ech elo grad gesot hunn, ass et net fort am Franséischen, mee fakultativ. Well ganz oft ginn nach déi zwou Schreifweise benotzt. An dann hat ech nach eng Statistik fonnt, wou se einfach e puer Leit gefrot haten, wéi se dat da fannen am Franséischen. An ob se prett wieren, de Circonflexe falen ze loossen, also hire Vokal net méi ze coifféieren. An do ware just 10-20% vun de Leit bereet, fir déi modern Schreifweis ze adaptéieren. Si hunn einfach gären hire klassesche Circonflexe. An ech muss soen, et ass jo effektiv och e bësse speziell, dass déi Reegel just fir den I an den U gëllt an net fir den A, wéi um Pâté zum Beispill.
Do fält mer an, Pâté ass och e Wuert, wou ee gesäit, dass de Circonflexe fir en alen S steet! Kanns de der virstellen, a wéi engem Wuert nach den S virkënnt?
S: _____
C: Am Däitschen hu mer jo zum Beispill d'Wuert 'Pastete' oder generell kënnt et jo vu Pasta, also pâte = Pasta = den Deeg, dee gemaach gëtt, fir alleguer déi Saachen ze maachen.
Ech halen Iech op alle Fall um Lafenden, wéi d'Geschicht mat den Hittercher weidergeet!
S: Mir soen der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

E puer Wierder iwwer WierderBy radio 100,7