IFEN INSPIRE PODCAST

IFEN INSPIRE PODCAST

By IFENEducation
Download on the App Store

IFEN INSPIRE PODCAST episodes

  • S3 EP 06: VR an de Schoulen | CB Jerry Medernach

    Um Programm vun dëser Episode:


    0:00 – Intro


    0:45 – Reportage (LU)
    De Paul Schroeder (I-CN), d’Joffer Chloé an de Schoulmeeschter Yan erzielen, wéi hir Schüler mat Minecraft an der VR-Brëll Monumenter bauen an erliewen.

    Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction


    10:55 – École nationale de santé (LU)
    D’Anne Collé an de Robert Kanz weisen, wéi virtuell Realitéit an der Ausbildung vun de Gesondheetsberuffer agesat gëtt.

    Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction


    22:15 – Carte Blanche (LU)
    De Jerry Medernach, Sportwëssenschaftler, iwwer „de Kapp am Sport » — Entscheedungen, Kreativitéit an d’Roll vun der Erfarung.

    Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction


    28:43 – Wosst der schonn…? (LU)
    De Claude Scheuer stellt den neie Léierplang „Beweegung a Gesondheet » vir, deen ab September am Cycle 1 an 2 a Kraaft trëtt — mat sechs neie Kompetenzberäicher.

    Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction

     

    Accompagnement en compétences numériques

     

    Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

     

    32 min
  • S3 EP 05: Schoul Dobaussen | CB Dominic Harion

    Um Programm vun dëser Episode:

    0:00 - Intro

    1:59 - Reportage (LU)

    Zwou Léierinnen erzielen aus hirem Alldag mam Dobaussenunterrécht.

    Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction

    12:24 - Andrea Fiedler, Projektleiterin von FuDo und Weiterbildnerin, beleuchtet das Thema aus wissenschaftlicher Sicht (DE).

    Transkription / EN translation / FR traduction

    21:30 - Dräi Froen un... (LU)

    Wéi gëtt den Dobaussenunterrecht institutionell begleet a gefërdert? De Joa Baum, Direkter vun der Regionaldirektioun 10, deelt seng Perspektiv dozou.

    Transkriptioun / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction

    24:28 - Carte Blanche (DE)

    Dominic Harion (IFEN) beleuchtet Chancen, Grenzen und praxisnahe Einsatzmöglichkeiten generativer KI im Unterricht.

    Transkription / EN translation / FR traduction

    30:30 - Wosst der schonn...? (LU)

    Den i-CN Joël Wealer deelt konkret Recommandatiounen a praktesch Beispiller, wéi KI-Tools gezielt a sënnvoll am Léierprozess agesat kënne ginn.

    32:10 - Outro (LU)

     

    Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

    34 min
  • S3 EP 04: Kanner mat spezifesche Besoinen (EF) | 3 questions à Alioune Touré | CB Andreas Bund

    Um Programm vun dëser Episode:

    0:04 - Intro

    1:47 - Reportage (LU)

    Eng Enseignante an eng I-EBS ginn Abléck an hir alldeeglech Aarbecht a weisen, wéi Kanner mat spezifesche Besoinen an der Grondschoul begleet ginn.

    Transkriptioun / DE Übersetzung, EN translation, FR traduction

    8:49 - Dräi Froen un... (LU)

    De President vun der CAR (Commission des aménagements raisonnables) deelt säi perséinlecht Erliefnis a seng Visioun vun der schoulescher Inklusioun.

    Transkriptioun / DE Übersetzung, EN translation, FR traduction

    15:26 - Carte Blanche (DE)

    Der Professor Andreas Bund (Uni.lu) beleuchtet die Bewegungsaktivität von Jugendlichen in Luxemburg.

    Transkription / EN translation / FR traduction

    21:30 - Wosst der schonn...? (LU)

    Den IFEN-Formateur Claude Scheuer gëtt konkret a praktesch Recommandatioune fir méi Beweegung am Schoulalldag.

    • Guichet de l'inclusion scolaire
    • Projet WIBS
    • Bewegungsförderung (SCRIPT) 
    • 22:55 - Outro (LU)

       

      Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

      24 min
    • S3 EP 03: Témoignages EF & ES | Table ronde Wuelbefannen vum Schoulpersonal | CB Janne Fengler

      Um Programm vun dëser Episode:

      0:07 - Intro

      0:39 - Témoignages (LU, FR)

      Erfarunge vu 4 professionnellen aus dem Fondamental an dem Secondaire

      Transcriptio(u)n / DE Übersetzung / EN translation / FR traduction

      6:02 - Table Ronde (DE)

      De Ben Schreiner féiert eng Table ronde mat 7 Experten aus der Educatioun, der Weiderbildung an aus dem personaliséiertem Coaching.

      Transkription / EN summary, FR résumé

      27:08 - Carte Blanche (EN)

      Dr Janne Fengler (Uni.lu) presentéiert eng Carte blanche: How can we prepare children for an everchanging world, new challenges and uncertainty? 🌍

      Transcript / DE Übersetzung / FR traduction

       

      Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

      35 min
    • S3 EP 02: Reportage LUDIK | Table ronde Ludothéik | CB Julia Strohmer

      Um Programm vun dëser Episode:

      0:16 - Intro & Teasers

      0:50 - Reportage Mersch (LU)

      Mir ginn op Besuch an de LUDIK zu Miersch.

      Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary, FR résumé

      10:48 - Table Ronde (LU)

      De Ben Schreiner féiert eng Table ronde iwwer Spillpedagogik an de Ludothéiksprojet zu Woiwer mam Joël Wealer a mam Kris Haas.

      Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary / FR résumé

      25:10 - Carte Blanche (DE)

      D'Julia Strohmer présentéiert eng Carte blanche iwwer d'mentalisierungsbaséiert Pädagogik.

      Transkription / FR traduction / EN translation

       

      Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

      31 min
    • S3 EP 01: Reportage C4.2 Mersch | Table ronde Raumgestaltung | CB Amaury Daele

      Um Programm vun dëser Episode:

      0:27 - Teasers

      1:12 - Reportage Mersch (LU)

      Mir ginn op Besuch an d’Klass C4.2 vum Kevin Neuhengen a Jeff Elcheroth.

      Transkriptioun / DE Zusammenfassung, EN summary, FR résumé

      6:17 - Table Ronde (LU)

      De Ben Schreiner féiert eng flott Table ronde iwwer Raumgestaltung mam Jo Johanns a Laura Donven.

      Transkriptioun / DE Zusammenfassung / EN summary / FR résumé

      30:47 - Carte Blanche (FR)

      Den Amaury Daele présentéiert eng Carte blanche iwwer Erfollegskrittären an der Weiderbildung.

      Amaury Daele présente une carte blanche sur les critères de réussite en formation continue.

      Transcription / DE Übersetzung / EN translation

       

      Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

      37 min
    • S2 EP 07: CAHRE - ITW mam Pavle MADZIROV zum Thema KI - CB Lisa DAVID

      An der 12. Episode vum IFEN Inspire Podcast stelle mer:

      [01:17] am Reportagendeel CA(H)RE vir, d’Cellule d’Accompagnement pour élèves hospitalisés ou en rémission.

      [18:47] Am zweeten Deel ënnerhält sech d’Véronique Schons aus der Divisioun vum Leadership (IFEN) mam Pavle Madzirov iwwer kënschtlech Intelligenz am Bildungsberäich.

      [30:27] An hirer Carte blanche erkläert ons d’Lisa David, Lëtzebuerger Bildungswëssenschaftlerin, déi zu Wien lieft, firwat et wichteg ass säin Handelen am Klassesall stänneg ze hannerfroen. 

       

      Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

      39 min
    • S2 EP 06: First Lego League Challenge - ITW mam Philipp Karch zum Thema Kommunikation - CB Judith Senger

      An der 11. Episode vum IFEN Inspire Podcast erwaart Iech am Reportagendeel e Réckbléck op d’First Lego League Challenge 2025.

      Vu September bis Mee hu mer 2 vun de 66 Schoulklassen dei dëst Joer matgemaach hu begleet. Op der enger Säit d’Sophie Lieser aus der Schoul Wobrecken vun Esch, op der anerer Säit de Marc Ewerling, de Mike Kickert an de Charlie Thill aus der Schoul Lenkeschlei vun Diddeleng.

       

      Am Interviewdeel proposéiere mer iech en Interview mam Philipp Karch, Kommunikatiounstrainer a Coach.

      Wat mëscht eng gutt Kommunikatioun tëscht dem Léierpersonal ënnerteneen an och mat den Elteren aus? Wat sinn "do’s" an "don’ts" wann et ëm de Schrëftverkéier geet? Wéi kann eng gutt Kommunikatioun hëllefe Konflikter ze vermeiden? Doriwwer geet et am zweeten Deel.

       

      An der Carte blanche dréint sech dann alles ëm den Theater.

      D’Judith Senger, Schauspillerin, Regisseurin, Theaterpädagogin a Coach verréit ons firwat et hirer Meenung no wichteg ass, Theater sou vill wéi méiglech an de Schoulalldag ze integréieren.

       

      Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

      45 hr 22 min
    • S2 EP 05: Enfants à besoins spécifiques zu Viichten - Table ronde zum Thema "Cybergrooming" - CB Claude SCHEUER Sportsunterrëcht am Fondamentale an am Secondaire

      Wéi schonn an der leschter Episod ugekënnegt, gi mer haut an onsem Reportagendeel op Viichten.

      Hei kucke mer ons e Projet u fir Kanner à besoins spécifiques ze hëllefen. E Projet, deen awer och all deenen anere Kanner an der Schoul ze gutt kënnt an dee virun allem op d’Präventioun setzt.

       

      💬 Am Interviewdeel proposéiere mer iech eng Table Ronde zum Thema Cybergrooming, déi am Kader vum Ciné-Débat an der Escher Kulturfabrik den 28. Januar organiséiert gouf.

      Gewise gouf de Film Gefangen im Netz. 

       

      🏃‍♂️Zum Ofschloss gëtt et eng Carte blanche mam Claude Scheuer, Sportsproff a Formateur um IFEN, iwwer seng Visioun vum Sportsunterrecht am Fondamentale an am Secondaire.

       

      Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

      42 min
    • S2 EP 04: Kanner mat Léierschwieregkeeten/PIPAS - ITW mam Michèle WEBER a Jhemp BERTEMES vu science.lu - CB Sophie LeDorner iwwert d'Fehlerkultur an de Schoulen

      An dëser Episod vum IFEN Inspire Podcast beschäftege mer ons am Reportagendeel mat Kanner mat Leierschwieregkeeten.

      Wat fir eng Kanner sinn dat? Wei kann e Schwieregkeeten erkennen a wat ass den Ënnerscheed zu Kanner à besoins spécifiques? Wéi kann een hinnen hëllefen a wat ass de PIPAS-Projet vum CDA? 

       

      Am Interviewdeel schwätze mer mam Michèle Weber a mam Jhemp Bertemes vum Fonds National de la Recherche, dem FNR iwwert d’Wichtegkeet vum Science-Unterrecht. 

       

      D’Sophie LeDorner, Formatrice um IFEN, beschäftegt sech an hirer Carte blanche mat der Feelerkultur an onse Schoulen. 

      Download Fiche DYS

       

      Loscht op méi? Entdeckt weider Ressourcen an Inhalter op IFEN inspire: www.ifen.lu/inspire

      48 min

    About IFEN INSPIRE PODCAST

    From the publisher's feed

    Abonnéiert eise Podcast a begleet eis op dëser spannender Rees duerch d’Welt vun der Educatioun.