E puer Wierder iwwer Wierder

jauschtereg


Listen Later

Dës Kéier geet et ëm Wierder, déi immens lëtzebuergesch kléngen, an ëm d'Entlarve vun der KI hirer Fake-Expertis.
D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“.
S: Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Mir maachen haut nach eng zweet Episod zu de Phantasie-Wierder?
C: Genee, ech hat jo d'lescht Kéier e puer Wierder matbruecht, déi aus mengem Orthografie-Cours sinn, wou et drëm gaangen ass, just nozelauschteren a Wierder esou ze huelen an ze schreiwen, wéi se kléngen, och wann ee se net aus anere Sprooche kennt an nach ni falsch geschriwwe gesinn huet, well et dës Wierder net gëtt.
S: Wat waren dat scho méi fir Wierder?
C: Fuemeschnéck, Lackeschmoussen, Oueflëmmel, mee et waren och e puer fake Verben derbäi: daselen, klueken, oder den Titel vun der Episod haut, e fake Adjektiv: jauschtereg. An ech hat man immense Spaass drausgemaach, fir einfach Wierder ze erfannen an haut wëll ech am Fong kucken, wéi eng KI domat ëmgeet.
S: Wéi mengs de dat mat der KI?
C: Ech hu Beispiller matbruecht, wou ech d'KI no der Bedeitung vun de fake Wierder gefrot hunn an zwar gi mer nach eng Kéier zréck op d' Wuert vum leschten Episod, Fuemeschnéck, an och nach eng Kéier op en neit Wuert vun haut, jauschtereg. An soe mer sou, d' KI huet hir Fake Expertise richteg breet duergeluecht.
S: Lo sinn ech zwar gespaant!
C: Also, ech hunn e KI-Programm gefrot, wat e Fuemeschnéck ass, an hei ass d'Äntwert, ech liesen se am Original vir (ech hat op LB gefrot, a krut och esou geäntwert): "E Fuemeschnéck (oft och Fuume‑Schnéck, Foume‑Schnéck) ass e regionalt/ lëtzebuergescht Dialektwuert a bedeit: E Schleek ouni Haus – also eng Nacktschneek."
S: O vreck. Wonnert mech elo net.
C: Mee et kléngt super authentesch, fënns de net? An dat ass de Problem, eng KI ass ëmmer voller Iwwerzeegung a seet eppes, wat iergendwéi probabel kléngt a verkeeft sech domat gutt. An da komme mer bei d'Wuert vun haut: jauschtereg.
S: Wat s de och erfonnt hues.
C: Genee, do seet d'KI: “jauschtereg” ass e lëtzebuergescht Dialektwuert a bedeit: geekelt / ofgenee / iwwel. Eng staark Form vu “schonn eppes eklig fannen”. Et gëtt meeschtens benotzt fir Gefiller auszeschwätzen wéi: “Ech ginn esou jauschtereg dovun.” = Dat mécht mech ékelhaft / ech fannen dat richteg eklig. Et läit no bei “jooschtereg / joostereg / jouschtereg”, déi an e puer Regiounen och virkommen."
S: Do ass awer vill Quatsch dran, a vill Däitsch. Wat soll dann "ofgenee" heeschen?
C: Ech mengen, "ofgenee" ass déi verlëtzebuergescht Form vun "abgeneigt". Weess de, ech si vun de Studentenaarbechten oft gewinnt, kreativ zesummenzepuzzelen, wat gemengt kéint sinn, haha. Mee, dass du déi Äntwert vun der KI als Quatsch erkenns, dat weess du just, well s du Mammesproochler bass an du kanns dat identifizéieren. Mee lo och vum Inhalt hier: Dat kéint schonn alles stëmmen, ass awer alles zesummegedicht. An dat ass eppes, wat ville Leit an och de Studenten op der Uni vill geschitt, wa se mengen, dass KI hinnen eng Ofkierzung oder e kuerze Resümmee zu Wëssen géif ginn - grad wann et sou niischeg ass wéi am LB! Wou et net sou vill Sourcë gëtt. Ech muss einfach genuch Grondlagewëssen hunn, fir d'Performance vun enger KI aschätzen ze kënnen an och déi richteg Froen ze stellen.
S: Jo, well et kléngt meeschtens ganz iwwerzeegend, wat do steet.
C: Dat ass den Job vun der KI souzesoen. Eppes ze schreiwen, wat authentesch 'kléngt'. Mee Wierder wéi Kréifplaatsch, Mouzeplumm, jauschtereg, daselen oder klueken - déi klénge schonn zimmlech Lëtzebuergesch. Ech hat och no klueke gefrot an do sot se: "klueken" heescht am Lëtzebuergeschen: tratschen, schwätzen, Klatsch verbreeten, also iwwer aner Leit hir Affären zotere oder ronderëm schwätzen. Et gëtt meeschtens am Kontext benotzt wéi: “Si stinn do an der Kichen a klueken.” “Hien huet näischt anescht ze dinn wéi ze klueken.” Et ass en typescht alldeeglecht Wuert fir kleng Klatschereien oder onseriéist Gequatschs. Wann s de wëlls, kann ech der och d’Hierkonft oder Varianten (klacken, klibberen) erklären." Dat, wat d'KI seet ass natierlech alles net wouer.
S: Mee et kléngt net schlecht.
C: Eeben. Dat sinn awer och Wierder, wou ee soe muss, et kéint jo och e Fachwuert sinn, wat ech einfach nach ni héieren hunn. An dat hu mer jo all Dag. Also wann iergendee seet Kläiper, da kéint dat jo och iergendee Stéck un iergendenger Maschinn sinn, wou e seet, de Kläiper ass futti gaangen. Dat kann dat och wouer sinn. Dat heescht, mir sinn et am Fong gewinnt, esou Saachen ze iwwerspillen a se iwwert de Kontext hierzeleeden. An dofir iwwerrascht et net, dass wann ech Iech elo nach och a menger Positioun als Linguistin géif soen, ma dat Wuert gëtt et natierlech "jauschtereg". Mee mer liewen eeben an enger Welt, wou mer wësse mussen, wou mer gutt Sourcen hunn a wéi Wëssen entsteet a recherchéiert gëtt. Et ass jo schwéier a quasi onméiglech, all Wuert an all Fachbegrëff an enger Sprooch ze kennen. Mee dofir ass et esou interessant, well et begëtt ee sech eeben an d' Positioun vun enger Persoun, déi vill Wierder nach net héieren huet. Déi awer immens authentesch kléngen.
S: An da wëll ee sech jo net blaméieren, dass ee vläit eppes net weess.
C: Jo, dat och. Mee Net-Wëssen ass och normal an et soll ee sech trauen, eng Fro ze stellen oder virwëtzeg ze sinn. Dat ass mäi Credo op alle Fall!
S: Mir bleiwen op alle Fall virwëtzeg a soen der merci, Caroline!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

E puer Wierder iwwer WierderBy radio 100,7