Aktuell fënnt dee renomméierten Jazzfestival an der Géigend vu Lyon statt. E Festival, deen et zanter 1981 gëtt an dee sech duerch déi ganz Stad zitt, notamment och an engem impressionanten anticken Amphitheater. Dëst Joer ass Lëtzebuerg Fokusland um Festival an duerch 6 Formatiounen aus dem Grand-Duché vertrueden. Fir eis op der Plaz ass den Jamie Reinert.