Wéi standhaft wier d'Demokratie hei am Land, wann demokratiefeindlech Parteien a Regierungsverantwortung kéimen? Dat soll an engem sougenannte "Stresstest" fir d'Demokratie erausfonnt ginn. Ënner anerem dat fuerderen op jiddefall 8 jonk Politiker vun DP, déi Gréng, CSV an LSAP an engem entspriechenden Appell, fir d’Demokratie ze stäerken.