D’Fëschbestänn zu Lëtzebuerg ginn zeréck. Schold dorun ass d’Waasserqualitéit, awer och technesch Verännerungen un de Flëss. Fir datt d’Fëschbestänn stabil bleiwen, gi reegelméisseg jonk Fësch an de Flëss ausgesat. Zoustänneg dofir sinn d’Administration de la Gestion de l’Eau an d’Federatioun vun de Sportfëscher. Fir d’Saison 2024-2025 sinn insgesamt 250.000 Déiere virgesinn, eleng an der Mëttelsauer goufen am Mee ronn 10.000 sougenannten Ee-Summerech-Forellen ausgesat.