Et kennt een d'Situatioun: et ass een amgaang ze diskutéieren, et wëllt een eppes soen, mee et feelen engem d'Wierder. Heiansdo kréie mir et net hin, ze soe wat mir denken. Wisou ass dat sou? A kënne mir wierklech soen, wat mir denken? Iwwerleeunge vum Lukas Held.