Keck!

Keck!

By Catherine Nothum, Sarah Raparoli, Lynn WarkenComedySociety & CultureNewsEntertainment News
Download on the App Store

Keck! episodes

  • 19 - Den Tic Tac Toe Moment
    Wär dës Episod e Fluch, géif d'Lynn Business fléien, d'Cat géif an der Sécherheetskontroll hänke bleiwen an d'Sarah hätt den éischte Schampes schonn erof. Wär et eng Pressekonferenz, da wär et déi vun Tic Tac Toe, eng vun de legendäersten aus der Pop-Geschicht. Ma et ass déi neisten Episod vu Keck! an där mer awer och nach eemol d'Thema vu Catcalling a sexueller Belästegung vun der leschter Episod opgegraff hunn; eis ass eppes opgefall. Et gëtt all Grond unzestoussen, op äre Feedback, eis Anekdoten an den Ufank vum Enn. Prost!
    50 min
  • 18 - Nenn d'Kand beim Numm!
    An där heiten Episod gëtt blank gezunn, an dat huet rechtlech Konsequenzen - net esou wéi Catcalling zu Lëtzebuerg. Dozou hu mer awer och eng Meenung a virun allem perséinlech Erfarungen. Firwat Catcalling NI e Kompliment ass a weider Diskussioune ginn et vum Catherine, Lynn a Sarah, a villäicht hutt dir jo och nach e puer Äntwerte fir eis, Froe goufe sech op alle Fall genuch gestallt. Ënnert anerem och firwat Keckis esou op Geesse flippen a wat aus dem fäinsten 2000er Trash ginn ass.
    41 min
  • 16 - "Dat duerno"
    Déi eng ginn an d'Vakanz fir ofzeschalten, déi aner halen een Tëmpche beim Coiffer. Ma net just d'Hierschtmiddegkeet weist sech um Enn vum Summer, d’Catherine setzt elo op de Fëscherhutt, d’Lynn richt de September an d’Sarah mécht scho mol d’Sëtzheizung un. A Propos Fëscherhutt, wéini gëtt een eigentlech penibel? Villäicht jo schonn an dëser Episod.
    45 min
  • 15 - Doheem ass d'Toilette am schéinsten
    Mir kënnen iech eppes verspriechen: An dëser Episod huet et beim Lynn uerdentlech gekraacht an et geet queesch duerch den Zyklus. Vu Campingsaventuren iwwer Ongereimtheete bei "Titanic", bis hin zu richteg penibele Chaosmomenter, deem fäinsten Iessen an enger fetter Téitsch am Aarsch. Mir hunn awer natierlech och déi ganz seriö Themen ugeschwat: Wéini ass een eigentlech am glécklechsten? Grënn genuch un eiser 15. Therapie-Session deelzehuelen
    42 min
  • 14 - Mir mussen iwwert de Kleesche schwätzen
    Mëtt August an dem Lynn brennt d’Problematik vum decke Mann mam wäisse Baart op der Zong. D’Sarah bekennt sech zu sengem Hond a sengem Superraupi-Dasein. An d’Catherine beschreift wéi et schmaache muss wann een engem Doudegen an d’Zéif bäisst. Eis ass opgefall: Dës Episod kéint provozéieren.
    42 min
  • 13 - Vu gebrachenen Zéiwen a Kajaksbezéiungen
    Wann ee Vakanz doheem mécht, huet een da Recht op enge Summerpaus? Déi Fro hate mir eis bis dës Episod nach net gestallt. Ob dir wierklech op eis verzichte musst? Wisou eng Pampers e Must-Have ass? Dat an aner spannend Storye ginn et an der 13. Episod.
    42 min
  • 12 - "Ech mengen"
    Pakt är Payback-Kaart aus, d'Catherine erzielt vu senge Feelakeef, d'Sarah schnaarcht sech duerch d'Kummeren an d'Lynn huet aus der Episod en Drénkspill gemaach. #stoptheparty.
    43 min
  • 11 - Geféierlecht Hallefwëssen
    Back to reality: Stau, Protokoller a Socialising sti leider nees op der Dagesuerdnung. Eent vun eis ass awer och oppe fir Neies a probéiert sech am Waasservëlo, dat anert geheit mat geféierlechem Hallefwëssen ëm sech an dat Drëtt im Bunde erkläert, wéi grouss d'Panik bei der Sich no enger Parkplaz ass. Highlight: Mir hunn eng fuschnei Rubrik!!! Vill Spaass oder wéi déi cool Leit soen: gënnt iech.
    44 min
  • #Special - Outtakes
    Wéi ass et zu eisem Intro komm? Wat sinn déi wichteg Saachen, déi virum Ophuele musse geklärt ginn? 10 Episode sinn am Kasten, héich Zäit fir e Mini-Special: "Pleiten, Pech und Pannen". Et war keck!
    2 min

About Keck!

From the publisher's feed

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an…