Dës Kéier geet et ëm Spréchwierder, déi bis bei den Cicero zeréckginn a wéi sech Kapp a Schwanz an den europäesche Sproochen etabléiert hunn.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis - wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - "E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon
S: Haut schwätze mer iwwer Käpp, sos de mer?
C: Eis Episod haut heescht “Kee Kapp”. Lo wäert ee soen: o, bei Wiwi geet et dach ëm Eenzelwierder. Mee wat ass da mat “Kee Kapp”? Haut geet et mer nämlech ëm eng Expressioun. An ech fänke lo mol einfach un, wann ech soen, dat doten huet kee Kapp a kee ____?
S: _____
C: Bei där Expressioun ginn et elo zwou Optiounen. Ech ka soen, dat doten huet kee Kapp a kee Fouss. Ech kann awer och soen, dat doten huet kee Kapp a kee Schwanz. An et ass interessant, dass déi Konstruktioun bedeit, dass eppes kee Sënn mécht. Also wann ee seet, dat doten huet kee Kapp a kee Fouss, dann heescht dat, dat doten ass inkohärent, dat fonctionéiert net, dat mécht kee Sënn.
S: Dat gëtt et awer just mat “keen”, oder? Also “kee Kapp a kee Schwanz”?
C: Jo, dat gëtt et u sech just am Negativen. Dat heescht, am Positive kann ech net soen: a, dat doten huet awer Kapp a Fouss oder dat doten huet awer Kapp a Schwanz. An et ass ganz interessant, wéi sech dat an anere Sprooche manifestéiert, well d'Lëtzebuerger sinn et déi eenzeg, déi dat benotzen.
S: A sou?
C: Och an deenen anere Sprooche wéi Spuenesch ass et ëmmer an der Negatioun an et huet ëmmer mat Inkohärenz ze dinn, dat heescht ,et muss ee sech virstellen, d'Kohärenz ass wéi e Kierper a wann Deeler vun deem Kierper feelen, dann ass eppes inkohärent, also net ofgeschloss, net vollstänneg.
An déi Ausdréck, déi gouf et schonn am Latäin, beim Cicero a beim Platon hunn déi déi scho benotzt.
Ech zitéieren eng Kéier (o Gott, mäi Latäinsproff wier esou stolz, dass ech lo hei Latäin virliesen, e klenge Shoutout un den Eugène Schmit aus dem LGL.): nec caput nec pedes, wat sou vill heescht wéi weeder Kapp nach Féiss. Et gesäit een also, dass dat Bild vun eng Saach huet e Kierper an do feele Saachen, dass et dat och scho fréier am Latäin gouf.
An dat huet sech weiderentwéckelt, am Spueneschen och, well am do kann ech soen: ni pies ni cabeza – hei gëtt de Kapp als leschte genannt! An domat ass och eng Metapher gemengt, dass eppes inkohärent ass. An am Engleschen, do si mer net bei head a feet, mee weess du dat?
S: _____
C: Am Engleschen, do hu mer “can't make head nor tail of something” éischter eng Referenz “head” an “tail” op Kapp a Schwanz, wéi am Lëtzebuergeschen och, obwuel een zwar fréier och hat: “neither head nor foot” (do si mer nees beim Fouss) awer herno huet et sech méi entwéckelt zu “neither head nor tail”.
S: Also ëmmer Kierperdeeler awer.
C: Weess de och, wéi et am Däitschen ass?
S: _____
C: Interessant ass awer, am Däitschen kann een net soen, “das hat weder Kopf noch Fuß”. Ech kann och net soen, “das hat weder Kopf noch Schwanz”. Am Däitsche seet een, das hat weder Hand noch Fuß.
S: A wouhier kënnt dat?
C: Ma do hunn ech versicht erauszefannen, wou dat hierkënnt, well Hand a Fuß ass nach ëmmer d'Bild vum Kierper, ass nach ëmmer d'Bild vun enger Inkohärenz, mee anscheinend geet dat zréck op de Mëttelalter!
S: A wat bedeit et?
C: Also ech ginn lo mol dat erëm, wat ech esou an der Recherche fonnt hunn: wa Persounen hir riets Hand ofgehackt kruten an hire lénke Fouss, da war se als Ritter oder Reider net méi asazfäeg. Well mäi lénke Fouss brauch ech, fir op d'Päerd eropzeklammen, ne, well dat ass dee Fouss, deen an de Bigel vum Suedel geet, fir mech eropzehiewen, a mat der rietser Hand reiden ech. A meng riets Hand brauch ech natierlech och fir ze steieren. Et ass een einfach an allem gehandicapt. Dat heescht, wann eppes “weder Hand noch Fuß” huet, war et anscheinend esou, dass dat dann e Kierper ass, deen net optimal fonctionéiert an net optimal agesat ka ginn.
S: Also nees e Kierper!
C: Mir hunn elo natierlech vun engem mënschleche Kierper geschwat, awer bei der Konstruktioun mat kee Kapp a kee Schwanz oder mat deem Head or Tail – dat gëtt et iwwregens och am Spueneschen, “tener ni cola ni cabeza”, also kee Schwanz an kee Kapp – do ass et warscheinlech eng Referenz op Déieren, fir och do ze soen, dat ass e Kierper, deen net vollstänneg ass.
S: Am Engleschen ass heads or tails awer och bei der Mënz? Also viischt an hënnescht Säit.
C: Genee, am Engleschen hues de dann nach “heads or tails”, also Käpp a Schwänz, fir déi zwou Säite vun enger Mënz ze bezeechnen. An hei hunn ech versicht, och e bëssen ze recherchéieren, wou dat hierkënnt. Bon, de Kapp ass natierlech de Kapp, well mer do och meeschtens eeben e Personnage drop hunn. An den Tail hannendrop, deen ass effektiv och gemengt fir d'Récksäit. Also wa mir soen “kee Kapp a kee Schwanz”, da menge mir wierklech vu vir bis hanne kee Sënn oder wierklech vun där enger Säit bis op déi aner Säit. An do mierks de wéi och d'Iddi bei der Mënz hierkënnt. Dat heescht, du hues déi eng Säit an déi aner Säit. Du fänks quasi beim Kapp un an du hänks beim Schwanz op. An do gëtt et jo souguer an der Fleeschproduktioun gëtt et jo och, also an der Gastronomie gëtt et den Trend nose to tail, dass de net nëmmen d'Filetstécker ëss, mee quasi alles vun der Nues bis bei de Schwanz. An do mierks de d'Iddi vun deem Kierper vu vir bis hannen, wou d’Déier ufänkt a wou et ophält.
S: A mir halen elo och leider op fir haut!
C: Jo, ech hat haut nees vill ze zielen. An ech hoffen, dat hat Kapp a Schwanz!
S: Natierlech hat et dat! Caroline, mir soen der lo äddi a merci a si gespaant op d’Wuert vun der nächster Woch!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!