
Sign up to save your podcasts
Or


Kirgistan läit a Zentralasien an huet ongeféier siwe Milliounen Awunner:innen. D'Land ass staark vu senger eenzegaarteger Geographie beaflosst: méi wéi 90 Prozent vu senger Landfläch besteet aus Bierger. D'Tian-Shan-Bierger, och bekannt als Himmelsbierger, si besonnesch prominent. Bekannt ass och de Séi Issyk-Kul, ee vun de gréissten Héichteséien op der Welt, an deen, wéinst sengem héije Salzgehalt, och am Wanter seele veräist. Kulturell ass Kirgistan déif an nomadeschen Traditioune verankert. Jurten, Päerd a saisonal Véizuucht spillen nach ëmmer eng wichteg Roll. Den Nationalepos "Manas", ee vun de längsten Epen op der Welt, ass en zentralen Deel vun der kirgisescher Identitéit a gëtt nach ëmmer mëndlech weiderginn. De Cédric Reichel am Gespréich mam Viktor Vlasov, dem Ourmat Katchaganov, dem Adilet Zheenbekov an der Aigul Alieva
By radio 100,7Kirgistan läit a Zentralasien an huet ongeféier siwe Milliounen Awunner:innen. D'Land ass staark vu senger eenzegaarteger Geographie beaflosst: méi wéi 90 Prozent vu senger Landfläch besteet aus Bierger. D'Tian-Shan-Bierger, och bekannt als Himmelsbierger, si besonnesch prominent. Bekannt ass och de Séi Issyk-Kul, ee vun de gréissten Héichteséien op der Welt, an deen, wéinst sengem héije Salzgehalt, och am Wanter seele veräist. Kulturell ass Kirgistan déif an nomadeschen Traditioune verankert. Jurten, Päerd a saisonal Véizuucht spillen nach ëmmer eng wichteg Roll. Den Nationalepos "Manas", ee vun de längsten Epen op der Welt, ass en zentralen Deel vun der kirgisescher Identitéit a gëtt nach ëmmer mëndlech weiderginn. De Cédric Reichel am Gespréich mam Viktor Vlasov, dem Ourmat Katchaganov, dem Adilet Zheenbekov an der Aigul Alieva