Jorelaang huet de Grand-Duché de Schlamm aus de Kläranlagen an d’Ausland exportéiert, haaptsächlech a Frankräich. Mee nodeems Frankräich dat viru Jore verbueden huet an den Ëmweltministère viru fënnef Joer eng Etüd an Optrag ginn huet, goufen elo hei am Land dräi Sitten identifizéiert, wou Verbrennungsanlage gebaut solle ginn, fir de Klärschlamm national ze traitéieren.