Och wärend der Summervakanz bitt den opus 100,7 ronderëm d'Auer Concerten u fir nozelauschteren oder live matzeerliewen. De Lex Kauffmann mécht een Iwwerbléck vun all de Concerten, déi deemnächst op der Antenn wéi och an der Mediathéik vum opus 100,7 ze héiere sinn. Den Highlight: E Samschdeg iwwerdroe mir e Concert live aus dem Mierscher Theater mam Orchestre National des Jeunes du Luxembourg an dem Solist Felix Klieser.