Gëschter war den Earth Overshoot Day - an anere Wierder hu mir zënter gëschter eigentlech schonn all d’Ressourcë verbraucht, déi weltwäit fir ee Joer zur Verfügung stinn. Mee wat der Däiwel huet den Earth Overshoot Day mat Sucht ze dinn? Fir den amerikaneschen Ekonomist Robert Costanza zimlech vill. A sengem Buch “Addicted to Growth” - also süchteg no Wuesstum - schléit de Chercheur d’Bréck, wéi een de Konsumverzicht an d’Siich no enger nohalteger Welt mat enger Sucht ka vergläichen. Den Ament ass de Chercheur zu Lëtzebuerg an eis Journalistin Pebia Urban huet sech mam Robert Costanza iwwer säi Prinzip ënnerhalen.