Déi national representativ Gewerkschafte wäerte weiderhin dat exklusiivt Recht bei de Verhandlungen ëm d’Kollektivverträg behalen. D'Chamber huet gëschter unanime eng Motioun vun der LSAP zum Thema ugeholl - dat nodeems nach am Oktober zejoert d’Regierungsparteien CSV an DP eng Motioun vun deene Grénge mat genee deem selwechte Wuertlaut verworf haten.