Moiesstudio

Kuerz virum Konklav: E Gespréich mam Abbé Jean-Paul Muller


Listen Later

Dës Woch ass et esou wäit am Vatikan: de Konklav, déi traditionell Wiel zënter dem 14. Joerhonnert vun engem neie Poopst, fänkt dëse Mëttwoch zu Roum un. Op Ouschterméindeg war de Poopst François jo am Alter vun 88 Joer gestuerwen.
Bal al Dag treffe sech dëser Dag am Vatikan d’Kardineel, déi d’Recht hu fir en neie Chef vun der Kathoulescher Kierch ze stëmmen. Eng besonnesch spannend, mee och ongewëss an traureg Zäit am Vatikan, esou beschreift se de Lëtzebuerger Abbé Jean-Paul Muller, e Mann, deen den Hellege Stull besonnesch gutt kennt.
Eise Korrespondent Philip Crowther huet hien zu Roum getraff.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7