Den Abdelfattah Abusrour ass viru 50 Joer am Camp Aida zu Betlehem gebuer. Bis hie fir seng Studien a Frankräich gaangen ass huet hien do gelieft. No sengen Etuden ass hien zeréck an de Flüchtlingscamp gaangen an huet do de Kulturzentrum Alrowwad gegrënnt. D’Philosophie vun Alrowwad ass et, duerch Konscht an Educatioun eng “schéi Resistenz” ze bilden.