Laachgas gëllt an eisen Nopeschlänner mëttlerweil als beléifte Partydrog a gëtt dowéinst do scho méi laang reegelméisseg thematiséiert. Aus klengen oder grousse Cartouche gëtt dee Laachgas inhaléiert, virun allem vu Jonken. An de Phenomen gëtt et och hei zu Lëtzebuerg. De Moris Garzaro huet sech domat beschäftegt a gekuckt wéi d’Lag am Land ass a wat d’Risike vum Konsum kënne sinn.