Reegelméisseg lafe goen ass ouni Zweifel gutt fir d’Gesondheet ... kann natierlech awer och dozou féieren, datt duerno eppes wéideet .... a mir schwätzen elo net vu Muskelkater ... mee vu Knéien, Knéchelen a Feeschten, mat deenen ee ka Problemer kréien. Vläicht wéinst de Lafschlappen, well déi net gutt genuch gefiedert sinn. Et gëtt nämlech en Zesummenhang tëschent der Fiederung oder der Dämpfung vum Schong an dem Verletzungsgefor - dat hu Chercheure vum Luxembourg Institute of Health schonn eemol virun enger hallwer Dose Jore kënnen noweisen a si wëllen deen Zesummenhang elo nach eemol analyséieren. Explikatioune vum Laurent Malisoux, deen de Projet leet.