Zanter enger gudder Woch sinn d’Plagë ronderëm de Stauséi wéinst Bloalgen zou. Déi gëfteg Alge sinn dëst Joer bal e Mount méi fréi opgetruede wéi soss. Fuerscher vum LIST ginn dovun aus, datt virun allem dat waarmt Fréijoer dozou bäigedroen huet. Als weidere Grond gëtt och den Dünger aus der Landwirtschaft genannt, dee säi Wee an d’Waasser fënnt. Déi landwirtschaftlech Kooperatioun aus dem Naturpark Uewersauer an d’Landwirtschaftskammer betounen awer, datt d’Bauere versichen dësen Effekt esou wäit et geet ze miniméieren.