Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19

By Ministère de la Santé LuxembourgMedicineHealth & Fitness
Download on the App Store

Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19 episodes

  • 25. Podcast vun der Santé mam Dr. Thomas Dentzer, André Hansen an Dr. Stéphane Tholl

    Am läschte Podcast vun der Santé hu mir mat 3 Invitéë geschwat, déi all am Large Scale Testing implizéiert sinn: Den Dr. Thomas Dentzer ass als strategesche Koordinator op der Gesondheetsdirektioun um Projet täteg, den André Hansen, Direkter vun Ecolog Luxembourg, ass ënnert anerem staark un der Logistik bedeelegt an den Dr. Stéphane Tholl ass als deputy CEO a COO vu Laboratoires Réunis mat den Tester selwer befaasst. Se ginn eis e Réckbleck an en Ausbléck, erzielen eis wéi de Large Scale Testing sech als Projet ëmmer weider entwéckelt huet a wéi se déi ganz Evolutiounen erlieft hunn.

    27 min
  • Podcast 24 mam Dr. Jean-Claude Schmit an Dr. Thomas Dentzer

    Am 24. Podcast vun der Santé hu mer mam Dr. Jean-Claude Schmit a mam Dr. Thomas Dentzer iwwert den neie CovidCheck System geschwat. Mir hunn awer och nogefrot wat fir Neierungen et am Large Scale Testing gëtt: am Large Scale Testing hutt Dir elo nieft serologeschen Tester a PCR-Tester op Invitatioun och d'Méiglechkeet en Rendezvous fir e PCR-Test ouni Invitatioun ze huelen.

    18 min
  • Podcast 23 mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert

    Am 23. Podcast vun der Santé hate mir d'Geleeënheet eis mat der Gesondheetsministesch, Paulette Lenert ze ënnerhalen. Sie huet eis erzielt wei si d'Pandemiezäit bei der Aarbecht an och privat erlieft huet an huet eis en Ausbléck op déi Lockerunge ginn, déi eis all wäerten a grousse Schrëtter Richtung Normalitéit bréngen.

    20 min
  • Podcast 22 mam Dr. Jean-Paul Schwartz

    Déi meescht Leit kenne mëttlerweil een dee COVID-19 hat. An dofir weess een och, dass déi Krankheet ganz verschidde verlafe kann. Et ka symptomlos sinn, et kann awer och mëtteleschlëmm sinn oder a schlëmmste Fäll ka COVID-19 zu Hospitatlisatioune mat Beootmung féieren. An alle Fäll kënne Sequellen optrieden déi ganz verschidde kënne sinn. Dat alles kéint een als "long COVID" bezeechnen. Doriwwer hu mir am 22. Podcast vun der Santé mam Generalist a Member vum Conseil supérieur des maladies infectieuses Dr. Jean-Paul Schwartz geschwat.

    25 min
  • Podcast 21 mam Dr. Thomas Dentzer

    Am 21. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Dentzer iwwert den Impakt um Large Scale Testing geschwat a gefrot, wéi dëse matgehollef huet d’Mesuren ze gestallten. Op Basis vun engem wëssenschaftlechen Artikel deen hien zesumme mam Prof. Paul Wilmes vun der uni.lu an dem Dr. Joël Mossong vun der Gesondheetsdirektioun verfaasst huet, huet den Dr. Dentzer eis och erkläert, wéi een dank dem Large Scale Testing virausrechne konnt, wéi vill infizéiert Persounen et géif hei zu Lëtzebuerg ginn.

    16 min
  • Podcast 20 mam Dr. Robert Goerens

    Am 20. Podcast vun der Santé hu mir mam Dr. Robert Goerens, dem Chefdokter um Impfzenter Hall Victor Hugo geschwat. Mir hunn nogefrot wei e klasseschen Aarbechtsdag am Impfzenter ausgesäit, wéi eng Zort vu Leit do schaffe mee awer och wéi hien a säin Team mat de verschiddene Meenungen zu de COVID-19 Impfungen an der Dynamik vun der Impfcampagne ëmginn.

    22 min
  • Podcast 19 mam Dr. Jean-Claude Schmit

    Wat sinn déi läscht Updaten zu de verschiddenen Impfungen? Wéi soll a muss ech mech schütze wann ech mat anere Léit am Auto sëtzen? Wéi laang dauert et bis genuch Léit geimpft sinn? Wéi laang musse mir nach eng Mask undoen an eis teste loossen? Am 1. Podcast vun der Santé no der Ouschtervakanz, gi mir mam Dr. Jean-Claude Schmit, dem Direkter vun der Santé op vill verschidde Froen an déi Dir eis op alle Kanäl stellt.

    18 min
  • Podcast 18 mam Dr. Thomas Dentzer

    Am 18. Podcast vun der Santé schwätze mir am Dr. Thomas Dentzer, Virolog a coordinateur stratégique op der Gesondheetsdirektioun,  iwwert de Large Scale Testing. Wat huet déi 2. Phas bruecht a wat gëtt et elo neits an der 3. Phas? Mir hunn awer och nogefrot wat et mat de Selbsttester op sech huet, wéi een domat ëmgoe soll a wat ee maache soll wann de Selbsttest positiv ausfält.

    26 min
  • Podcast 17 mam Sandra Sidon

    Am 17. Podcast vun der Santé hu mir eis mam Sandra Sidon ënnerhalen. Sie mécht d’Koordinatioun vum Contact tracing an ass responsabel fir d’Hotline Santé, wou vill vun Iech vläicht schonn eemol ugeruff hunn mat enger Fro zum COVID-19. Mir hunn nogefrot wéi de Contact tracing an d’Hotline organiséiert sinn a wéi d’Aarbechtsdeeg a béide Strukturen ausgesinn. Mir ginn och nach eemol drop a wisou de Contact tracing esou e wichtegen Element ass a wéini een iwwerhaapt als Risikokontakt gëllt.

    20 min
  • Podcast 16 mam Dr. Jean-Claude Schmit

    Mam Dr. Schmit, dem Direkter vun der Santé, hu mir iwwert den AstraZeneca Vaccin geschwat fir Är Froen zu dësem Vaccin ze beäntweren. Mir hunn nogefrot wat et mat den Thrombosen op sech huet, wéi heefeg esou eppes ass a wéi et elo virugeet. Nieft Informatiounen zu AstraZeneca, brénge mir Iech awer och nach a punkto Virusvarianten op de leschte Stand. Dëse Podcast gouf en Donneschdeg opgeholl.

    19 min

About Large Scale Testing Luxembourg - COVID-19

From the publisher's feed

Säit Mäerz bestëmmt d’Corona-Pandemie eisen Alldag hei zu Lëtzebuerg. Et vergeet keen Dag ouni dass mir mam Thema a Beréierung kéimen. An trotzdeem gëtt et villes wat een iwwert de COVID-19 net…