D’Stéphanie Weydert vun der CSV an d’Sam Tanson vun déi gréng gi Co-Rapportricë fir de Rapport iwwert déi kritesch Analyse vun der Cour des Comptes iwwert de Large-Sclae-Testing. An enger zweeter Reunioun huet d’Cour des comptes den zweeten Deel vum Rapport presentéiert, wat d’Depensë vum Staat fir de Large-Scale-Testing wärend der Covid-Pandemie ugeet. Am Fokus stoung virun allem d’Prozedur vum Marché publique, déi net à la lettre agehale gi wier. Hei gouf parteiiwwergräifend Verbesserungsbedarf an de Ministèrë festgestallt.