Zu Leideleng soll nees méi Liewen an den Duerfkär kommen. Eng éischte Versioun vum Projet läit schonn um Dësch: Mat ronn 30 Milliounen Euro wëllt d’Leidelenger Gemeng ënner anerem 39 abordabel Wunnengen, e Centre médical an e klenge Supermarché finanzéieren.