Méi wéi 5.500 ënnerierdesch Bunkere mat Plaz fir bis zu 900.000 Leit - an domat méi wéi déi eigentlech Awunnerzuel - ginn et an der finnescher Haaptstad. Dat alles 20 bis 30 Meter ënner dem Buedem am décke finnesche Fiels. Geduecht si se fir den absolutten Eeschtfall. Och de Premier Luc Frieden war gëschter zu Helsinki esou ee Bunker kucken. Hei am Land bräicht een zwar keng esou eng Infrastruktur - an awer soll Lëtzebuerg an Zukunft nach besser op Krisen an Noutfäll preparéiert sinn - eebe wéi d’Finnen. D’Christiane Kleer huet Detailer.