Moiesstudio

Lëtzebuerger Musekspräis


Listen Later

Gëschter Owend goufen an der Philharmonie op Initiativ vum Kulturministère d’Lëtzebuerger Musekspräisser verginn. De Jury huet de Präis fir d’Liewenswierk dem Komponist, Posaunist, Tenor an Dirigent Camille Kerger decernéiert, deen iwwer Joerzéngten déi Lëtzebuerger Museks- a Kulturlandschaft gepräägt huet: ënner anerem als Member vun der Lëtzebuerger Gesellschaft fir Nei Musek, als Leeder vu verschidden Ensembelen, als Grënnungsmember a musikaleschen Direkter vum Théâtre National an als Direkter vum Institut Européen de Chant Choral INECC.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7