Den OPUS KLASSIK ass een däitsche Musekspräis fir Perséinlechkeeten a Produktionen aus dem Beräich vun der klassescher Musek. Gëschter (25.6.) gouf bekannt, wien alles gewonnen huet. Mat dobäi ass och ee Lëtzebuerger Vibrafonist. An der Kategorie Neue Klassik/ Neoklassik gewënnt de Pascal Schumacher zesumme mat der däitsch-griichescher Pianistin Danae Dörken, an dat mat hirem éischte gemeinsamen Album “Glass Two”. 2012 hat de Pascal Schumacher schonn en ECHO Jazz gewonnen. Dat war de Virleefer vum OPUS-KLASSIK-Präis.
Den 12. Oktober wäert déi grouss Präisiwwerreechung dann zu Berlin am Konzerthaus sinn - an do moderéiert erëm, wéi d’lescht Joer och schonn, d’Désirée Nosbusch.
De Pascal Schumacher verréit am Gespréich mam Marie Schockmel, wéi d'Danae Dörken an hie reagéiert hunn op d'Nouvelle vum Präis.
An engem opus 100,7-Interview hat den Duo och iwwer hiren Album geschwat.