Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Level up episodes

  • Manor Lords
    An dëser Mëttelalter-Simulatioun baut een säin eegent Duerf op. Dobäi probéiert d'Spill relativ realistesch ze sinn. D'Joreszäiten hunn e groussen Afloss an e puer Technologië ginn och réischt mat enger gewësser Gréisst disponibel. Allerdéngs ass d'Spill nach net ganz fäerdeg, mee nach am Early Access. Eng gutt Geleeënheet quasi e Stéck bei der Produktioun vum Spill derbäi ze sinn.
    0 min
  • Onimusha – Way of the Sword
    Ëm d'Videospill-Serie wat et ronn 20 Joer laang roueg, elo ass awer en neit Spill erauskomm, wat der Serie nees neit Liewen anhaucht. De Julien Zigrand huet dat nei Spill aus der Actionspill-Serie gespillt a seet eis ob et sech lount.
    9 min
  • The Big Walk: Zesumme geet et besser
    Zesumme mat Frënn entdeckt een eng mysteriéis Insel a probéiert, eng Rei Rätselen ze léisen. Proximity Chat, Walkie-Talkien an aner Hëllefsmëttel maachen d'Kommunikatioun dobäi selwer zum Deel vun der Challenge. D'Resultat ass e relaxt, originellt a witzegt Indie-Spill, dat virun allem zesumme mat Kolleegen immens vill Spaass mécht.
    0 min
  • Assassin's Creed Black Flag resynced
    Eng nei Versioun, mat besserer Grafik a Performance vum Spill aus der Aassasin's Creed Réi. Als Pirat Edward Kenway seegelt een hei duerch d'Karibik, begéint historesche Figure wéi dem Blackbeard an et gëtt een an de Konflikt tëscht Assasinen an Templer eragezunn.
    7 min
  • Gutt d'Noriichte fir d'Fans vu Witcher 3
    Witcher 3 kritt eng remastered Versioun an och neie Contenu no 12 Joer, d'Erweiderung "Songs of the Past". Déi iwwerschaffte Versioun kennt den 29. September eraus an ass fir jidderee gratis, deen d'Haaptspill schonn op dem Computer oder enger Konsol hat. Den DLC soll nächst Joer kommen a bréngt ganz nei Geschichten a Missioune fir Witcher.
    8 min
  • Monster Hunter Stories 3: Twisted Reflection
    E Spin-Off vun der bekannter "Monster Hunter"-Rei. Par Rapport zum Haaptspill, jot een hei keng Monsteren, mee déi sinn Deel vum eegenen Team. Et sammelt ee se an et stierzt ee sech an dësem Videospill mat hinnen zesummen an de Kampf.
    0 min
  • 007 First Light - Blockbuster fir d'Manett
    Dat neit Bond-Videospill ass e grousse Succès – zu Recht, fënnt den Yves Stephany.
    D'Spill fillt sech un, wéi en interaktive Film. De Gameplay ass ofwiesslungsräich a kuerzweileg, D'Dialogen an de Voice Acting sinn um selwechten Niveau wéi déi besser Bond-Filmer. D'Geschicht ass spannend an hält ee bei der Staang.
    “007 First Light” ass perfekt fir d'Waardezäit bis GTA 6 ze iwwerbrécken. Och fir Casual Gamer
    0 min
  • Unreal Engine
    Wann haut e grousst Videospill erauskënnt, leeft hannendrun dacks Technologie vun enger eenzeger Firma: Epic Games.
    Vill Leit kennen Epic virun allem duerch d‘Videospill “Fortnite”, mee den eigentlechen Afloss vun der Firma geet vill méi wäit. Well Epic huet net nëmme Spiller gebaut, mee eng Technologie, déi haut e groussen Deel vun der Gaming-Industrie undreift, d'Unreal Engine.
    0 min
  • Meccha Chameleon
    E Chamäleon passt sech faarweg senger Ëmgéigend un. A genee déi Iddi steet och am Mëttelpunkt vu “Meccha Chameleon”. An dësem Multiplayer Verstoppchesspill moolt ee sech selwer direkt an d'Spillwelt eran a probéiert mat der Ëmgéigend ze verschmëlzen. Wat simpel kléngt, suergt fir iwwerraschend vill Chaos a ganz vill lëschteg Momenter.
    7 min
  • Metal Gear Solid Delta
    Eng Neioplag vum Videospill "Metal Gear Solid 3", dat 2004 erauskoum. D'Videospill presentéiert e spannenden Agenten-Actionthriller, deen eis mat an 1960er Joren hëlt a real Geschichten aus der Zäit opgräift. Allerdéngs ass hei och eng Grëtz Iwwernatierleches mat eragemëscht. Spilleresch bitt de Remake net vill Neies, optesch huet d'Spill awer e grousse Sprong gemaach.
    9 min

About Level up

From the publisher's feed

Mir schwätzen iwwer nei Trends an interessant Entwécklungen an der Gaming Branche.