Level up

Level up

By Radio 100,7News
Download on the App Store

All Level up episodes

  • 30 Joer Pokémon
    Wat 1996 a Japan mat zwee Game-Boy-Spiller ugefaangen huet, ass haut eng vun de bekanntsten Entertainment-Marken op der Welt. Vun der Fernsehserie iwwer d'Sammelkaarte bis bei Pokémon GO huet Pokémon och zu Lëtzebuerg Generatioune begeeschtert. De Pierre Bellion kuckt op 30 Joer Pokémon zeréck a geet der Fro no, firwat d'Faszinatioun bis haut unhält.
    6 min
  • Silent Hill Townfall
    E neit Joer, e neie Silent Hill-Release. Et schéngt mëttlerweil Traditioun ze sinn, dat d’Horror-Franchise pünktlech fir de Gruselmount Oktober e Spill erausbréngt. Nom Remake vum populären zweeten Deel an „Silent Hill f“, verschléit et eis bei „Townfall“ an e fiktiv schottesch Küste-Stiedchen.
    7 min
  • Control Resonant
    Den Nofolger vu Control (2019) geet nei Weeër. Dat ass iwwerraschend, well ee vum schwedesche Studio Remedy Geschichte mat Déift gewinnt war. Déi nei Formule erënnert un e japanescht Action-Rollespill: De Schwertkampf steet am Mëttelpunkt, d'Dialoge si generesch, an et ginn Checkpoints wéi bei Ubisoft-Spiller.
    Comtrol Remedy ass e Konschtwierk, mee stilistesch gefällt et dem Yves Stephany manner.
    6 min
  • Final Fantasy Resonance
    Dat neitste Spill aus enger Serie, déi et elo scho bal 40 Joer gëtt. Fans aus der Serie fannen hei vill Saachen erëm déi ee kannt. Ronnebaséiert Kämpf an och eng Geschicht, déi gutt an d'Final Fantasy Welt passt.
    5 min
  • GTA 6: Zeréck op Vice City
    Mam neie Grand Theft Auto féiert Rockstar Games d'Spiller zeréck op Vice City. Am fiktive Bundesstaat Leonida erwaarden eis eng méi lieweg Spillwelt, nei technesch Méiglechkeeten an eng Geschicht ronderëm Jason a Lucia. De Pierre Bellion kuckt, wat GTA 6 ze bidden huet an ob Rockstar de groussen Erwaardunge gerecht ka ginn.
    6 min
  • Fire Emblem: Fortune’s Weave
    De mëttlerweil schonn 18. Deel vun der Fire Emblem-Réi an et ass en taktesch Fantasy-Rollespill. De Krich tëscht der Mënschheet an der Arméi vum Balor,dem Dämonegott, geet verluer. Déi véier mächtegst Helden si verschwonnen an domat ass d'Welt um Enn. Mee d'Zäit gëtt zréck gedréint an et muss een déi véier Helde fanne fir d'Enn vun der Welt ze verhënneren.
    7 min
  • Manor Lords
    An dëser Mëttelalter-Simulatioun baut een säin eegent Duerf op. Dobäi probéiert d'Spill relativ realistesch ze sinn. D'Joreszäiten hunn e groussen Afloss an e puer Technologië ginn och réischt mat enger gewësser Gréisst disponibel. Allerdéngs ass d'Spill nach net ganz fäerdeg, mee nach am Early Access. Eng gutt Geleeënheet quasi e Stéck bei der Produktioun vum Spill derbäi ze sinn.
    6 min
  • Onimusha – Way of the Sword
    Ëm d'Videospill-Serie wat et ronn 20 Joer laang roueg, elo ass awer en neit Spill erauskomm, wat der Serie nees neit Liewen anhaucht. De Julien Zigrand huet dat nei Spill aus der Actionspill-Serie gespillt a seet eis ob et sech lount.
    9 min
  • The Big Walk: Zesumme geet et besser
    Zesumme mat Frënn entdeckt een eng mysteriéis Insel a probéiert, eng Rei Rätselen ze léisen. Proximity Chat, Walkie-Talkien an aner Hëllefsmëttel maachen d'Kommunikatioun dobäi selwer zum Deel vun der Challenge. D'Resultat ass e relaxt, originellt a witzegt Indie-Spill, dat virun allem zesumme mat Kolleegen immens vill Spaass mécht.
    5 min