
Sign up to save your podcasts
Or


An dëser 18. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir als Podcast Ekipp um Wisefestival zu Eschduerf ënnerwee. Mir krute vu verschiddene Leit aus dem Organisatiounscomité erkläert, wéi esou e Festival zustan kennt a mat wéi engen Challenge si konfrontéiert waren. Och mat verschiddene Bands a Visiteure konnte mir eis iwwer hiren Androck vum Festival austauschen an esou ganz verschidden Abléck fir iech afänken. Jiddereen deen et den 12. September et dohi gepackt huet, kritt hei op alle Fall e flotten Abléck vun dësem 25. Gebuertsdag vun den Eschduerfer Guiden a Scouten.
Och um Kongress a Chefdag ware mir nees mam Feldmikro ënnerwee fir verschidden Andréck anzefänken. Do si mir net nëmmen dem Luc Frieden, mee och ganz villen engagéierte Cheftainen a Chef begéint. Déi Lampertsbierger konnten em déi 450 Guiden a Scouten empfänken an hunn dëse Kongress a Chefdag duerch déi wonnerbar Organisatioun zu engem wierklech flotte Start vum Scoutsjoer gemaach.
Wann dir fir är nächst Scoutskiermes nach eng Band sicht, déi richteg gutt Musek a Stëmmung matbréngt, kennt dir iech iwwert déi follgend Plaze bei Nemesys mellen, déi des Joer och um Wisefestival vertruede waren a vir eng genial Stëmmung gesuergt hunn:
www.nemesys-lux.lu
Instagram: Nemesys
Facebook: Nemesys
Méi Informatiounen zum Albatross Weekend zu Beggen fannt dir ënnert:
https://chefbox.lgs.lu/event/albatrossen-weekend-2027/
Méi Informatiounen zum RaRo Lancement fannt dir op:
https://chefbox.lgs.lu/event/ragnarok-is-coming-weekend-de-lancement/
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Wisefestival 2026 (05:04)
Kongress & Chefdag (57:38)
Ausbléck + Outro (01:23:56)
An dëser 17. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir ennert anerem d’Nathalie, d‘Sophie an de Bossche bei eis op Besuch. Déi dräi ware Campchef vum nationale CaraPio Camp, Blårød, deen dest Joer an Dänemark stattfonnt huet. Si hunn eis erklärt wéi et dozou koum, dass si Campchef gi sinn, wat alles esou zur Organisatioun dozou gehéiert huet an dann zu gudder Lescht och, wéi de Camp verlaf ass.
Mir haten awer net nemmen d’Campchef am Podcast, mee och d’CaraPio selwer, déi am Kader vun engem Atelier um Camp hier Iddie konnte mat abréngen a selwer en Deel vum Podcast konnten ophuelen. Dës Episod ass voller spannender Geschichten an Erzielunge vum nationale CaraPio Camp a perfekt fir jiddereen dee schonn ëmmer eng Kéier wësse wollt wéi esou e grousse Camp op d‘Been gestallt gëtt.
Am Ausbléck schwätze mer iwwert de Kongress an de Chefdag, déi dëst Joer den 20. September stattfannen. Et ass och erem esou wäit an et gëtt en neit Team, respektiv en neien Conseil d‘administration, gewielt. Umelde kennt dir iech ennert folgendem Link: https://chefbox.lgs.lu/desk/chefdag-kongress/
De Wisefestival vun den Eschduerfer Guiden a Scoute steet virun der Diir! Si feieren dest Joer hiere 25. Gebuertsdag an dofir gëtt et den 12. September zu Eschduerf vill ze erliewen. Hei fannt dir hei all d‘Informatiounen zum Wisefestival: https://www.wisefestival.lu
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Feldinerviews Deel 1 (05:37)
Campchef vum Blårød (16:37)
Feldinterviews Deel 2 (01:16:55)
Ausbléck + Outro (01:23:49)
An dëser 16. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir d'Sonja an de Fabi vun der EAS Ekipp zu Besuch. Si hunn eis erkläert wéi eng Plaz d'Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten huet an op wéi eng verschidden Aart a Weisen een se a seng Aktivitéiten abaue kann. Ausserdeem hunn si eis erzielt wéi eng Aktivitéite si als Ekipp am Joer esou plangen. Dës Episod ass voller spannender Erkenntnisser zum Thema Spiritualitéit bei den LGS a perfekt fir jiddereen dee schonn ëmmer eng Kéier méi dozou wësse wollt.
Fir méi Infos kënnt dir gäeren eng Mail op [email protected] machen.
Bei Interessi fir de Spiri for Kids kënnt dir iech op [email protected] mellen.
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
An dëser 15. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir op zwee ganz speziellen Eventer ënnerwee. Den 23. Juni hate mir d'Chance fir am Sënn vum Nationalfeierdag op der Receptioun an der Philharmonie dobäi gewiescht ze sinn. Mat eisem Mikro hu mir eis do op d'Sich no anere Guiden a Scoute gemaach a konnten niewebäi nach e puer Gespréicher mat ganz spannende Perséinlechkeeten afänken.
Den 29. Juni hate mir d'Éier als Podcast-Ekipp op der Gaardeparty vun eisem Chefscout, dem Grand-Duc Guillaume dobäi gewiescht ze sinn. Och hei hu mir probéiert iech e puer Andréck anzefänken, och wa sech dat op dësem Event als e bësse méi schwiereg erausgestallt huet. Villmools Merci dass mir un dësen zwee Eventer deelhuele konnten <3
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Nationalfeierdag an der Philharmonie (09:21)
Gaardeparty beim Grand-Duc (25:42)
Ausbléck + Outro (27:54)
An dëser 14. Episod vum LGS Zeltgepëspers huele mir iech mat op zwee Eventer déi an dësem Mount am, a ronderëm d'Keltenhaus um Neihaische stattfonnt hunn.
Um Mini Grupperot Austausch hu mir mat ville Jonken a Chef, déi de Mini Grupperod bei sech am Grupp ëmsetze, geschwat a mat hinnen ausgeschafft, wat den aktuellen IST an de SOLL Zoustand vum Mini Grupperod ass a wéi een dëse ganz konkret an Zukunft verbessere kann.
Och um Bealtaine hu mir eis ënnert déi bal 3.000 Visiteure gemëscht fir iech flott Abléck an d'Stëmmung an de verschiddenen Atelieren a Workshops um Bealtaine ze ginn.
Ausbléck:
13. Juni - Repair Café zu Oberanven. Méi Infos op https://chefbox.lgs.lu/event/repair-cafe-2026/
13. Juni - Nationalen Albatrossentreff an der Géisserei https://chefbox.lgs.lu/event/nationalen-albatrossentreff-epatt-beim-georges/
27./28. Juni - Scoutskiermes zu Käl
8. Juli - Erënnerungsfeier vun der EAS Ekipp. Umeldung mat Mail op [email protected]
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Mini Grupperot Austausch (04:02)
Bealtaine (35:09)
Ausbléck + Outro (44:01)
An dëser 13. Episod vum LGS Zeltgepëspers kucke mir eis zesumme mam Tom a mam Alex vun der Native Village Ekipp ënner anerem un, wéi d'Keltenhaus deemools um Neihaischen entstanen ass, wat alles hannert dem grousse Bealtaine Festival stécht, a wat d'Ekipp ronderëm den Native Village soss nach alles sou mécht.
Wann dir interesséiert sidd bei engem vun de ville Beräicher vum Native Village matzehëllefen, kënnt dir iech gäre beim Tom Lahr ([email protected]) oder op [email protected] mellen. Weider Informatiounen zum Bealtaine fannt dir op https://bealtaine.lgs.lu
Mat dëser 13. Episod vum Podcast feiere mir dann och eist eejäregt Jubiläum vum LGS Zeltgepëspers. Mir soe jidderengem en décke Merci, deen eis am leschte Joer ënnerstëtzt huet an all Mount fläisseg eise Podcast lauschtert <3
Weider Informatiounen zum LGS Second Hand fannt dir op https://chefbox.lgs.lu/event/3-lgs-second-hand/
A wann dir motivéiert sidd als Reparateur beim Repair Café vun der Nohaltegkeetsaarbechtsgrupp mat ze hëllefe kënnt dir iech gären op [email protected] mellen.
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Interview mam Tom an Alex (05:45)
Ausbléck + Outro (54:38)
An dëser 12. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir um Aktivitéitsdag vun der Scouts4Refugees Ekipp. Si hunn eis ënnert anerem gewise wéi si eemol am Mount Aktivitéite fir Flüchtlingen zu Lëtzebuerg organiséieren a si hunn eis erzielt, wéi een als Lokale Grupp bei dësen Aktivitéite mathëllefe kann. Wann dir als lokale Grupp interesséiert sidd, eng Aktivitéit fir Scouts4Refugees ze organiséieren, Kichelcher ze baken, oder souguer an der Ekipp matzehëllefen, kënnt dir iech gäre per Mail op [email protected] mellen.
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Interview mam Tun a Marc (03:35)
Feldinterviews (39:19)
Ausbléck + Outro (48:05)
An dëser 11. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir dee ganzen Dag um Thinking Day 2026 um Geesseknäppchen ënnerwee fir iech esou vill wéi méiglech Andréck anzefänken. An dëser Episod schwätze mir ënner anerem mam Georges Christen iwwer seng Zänndoktesch a seng ganz Optrëtter, déi hien iwwert d'Joren hat, mam Chris iwwer d'Zesummenaarbecht vun den LGS mam SNJ, mat verschiddene Participanten a Staff iwwer d'Odysseeën a mat ganz ville Kanner a Chef iwwert hir Highlights vum Thinking Day 2026.
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Georges Christen (05:50)
Feldinterviews (21:09)
Chris vum SNJ (38:09)
Feldinterviews (45:21)
Odysseeën (55:26)
Ausbléck + Outro (01:12:32)
An dëser 10. Episod vum LGS Zeltgepëspers schwätze mir mam Arbechtsgrupp Nohaltegkeet iwwert hir Aarbecht fir e méi nohaltege Scoutismus. Si zielen eis enner aanerem vun hierem Poster, dee bestemmt deen een oder aanere Grupp bei sech am Home hänken huet a vun hirer nohaltegkeets Checklëscht mat där een als Chefekipp säi Weekend oder Camp méi nohalteg gestalte kann. Méi Informatiounen zu desem Aarbechtsgrupp fannt dir an der Chefbox am Desk ennert dem Kapitel "Nohaltegkeet". Bei Iddiën a Froen oder wann ee bei hinne matmaache wëllt, kann ee sech ganz gäre per Mail bei hinne mellen: [email protected]
Tickets fir den Theater vun de Réimecher Guiden a Scooute fannt dir op https://theater.remich.lgs.lu
Weider Informatiounen zum Wisefest vun den Eschduerfer Guiden a Scouten fannt dir op https://www.wisefestival.lu
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären emmer bis den 20. Dag vum Mount matdeelen. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis emmer per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Aarbechtsgrupp Nohaltegkeet (04:16)
Ausbléck + Outro (33:16)
An dëser 9. Episod vum LGS Zeltgepëspers beschäftege mir eis mam Mérite Jeunesse. Zesumme mam Roxane kucke mir wat de Mérite Jeunesse genau ass a wéi ee sech domat zum Beispill säin Engagement a Benevolat zertifizéiere loosse kann. Mam Sara vu Leideleng a mam Kevin vu Beetebuerg schwätze mir dann nach doriwwer, wéi de Mérite Jeunesse an der Praxis ausgesi kann a kréien domat e puer Ablécker an hier Expeditioun an Engagementer.
Wann iech d'Thema Mérite Jeunesse interesséiert an dir motivéiert sidd fir matzemaache kennt dir iech ganz gäre per Mail direkt beim Roxane Fijean ([email protected]) oder op [email protected] mellen.
Kontakt fir de Simply Scouting:
All d'Informatioune fir de Wanterhike vun de Réimecher CaraPio fannt dir am Discord vun der Regionalekipp CaraPio Süden.
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck, wéi och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis per Mail op [email protected] oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Mérite Jeunesse (02:27)
Ausbléck + Outro (33:55)
From the publisher's feed