Klassik Aktuell

Lucilin an der Fondation Valentiny


Listen Later

De Lëtzebuerger Ensembel "United Instruments of Lucilin" wëll mat "Musique Plus" eng immersiv Experienz fir all Sënner ubidden. De 15. Juni dréit sech dofir an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen alles ëm de Motto "Lucilin & Rencontres". Am Mëttelpunkt stinn dräi nei Lëtzebuerger Projeten, ënnert anerem mam Patrick Muller, der Océane Müller an dem Alex Lallemang.
"Horizon Brisé" heescht déi nei Installatioun vum Patrick Muller an der Océane Müller. Hien huet domat ee Stéck fir all Saison kreéiert, fir opmierksam ze maachen op den Effekt vum Klimawandel op d'Joreszäiten. An deem Zyklus huet Lucilin och schonn ee Concert gespillt, an och no dësem hei geet de Projet nach weider bis déi 4 Joreszäiten opgefouert gi sinn.
"Sculptures" ass dann den Titel vun der Performance, déi den Atelier Contemporain vum Stater Conservatoire op d'Bee gestalt huet, a bei där den Alex Lallemang matwierkt.
Am Gespréich mam Marie Schockmel verroden de Patrick Muller an den Alex Lallemang wat hannert de neie Projete stécht, a wéi d'Zesummenaarbecht mat Lucilin verleeft.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

Klassik AktuellBy radio 100,7