Eng schéin Podcast Episode waart op dech. Haut als Special Guest ass
d’Mady Lutgen vun MADI Magazine.
Wat erwaart dech?
Mady erzielt wat säin Dram als jonk Meedchen war
Du gëss méi gewuer iwwert seng Ufäng an der Medien Welt
Mir hunn geschwat iwwert Talenter & Potential
Mee awer och iwwert déi Leeschtung & Konkurrenzdenken déi esou oft eis Kreativitéit hemmt
D’Mady hellt eis mat op d’Rees vun der Kreatioun vum MADI Magazine: vum holpregen Start bis hin zu den Struggles & Succes
Klengen Sneak Peak vun upcoming events & Projets
Mir hunn geschwat iwwert Ängschten, Tabuthemen & awer och iwwert dat déift Vertrauen wat Mady an d’Liewen & an seng Ideen huet
Du gëss gewuer wat d’Haaptthemen am MADI Magazine sinn
Mir hunn awer och iwwert Spiritualitéit geschnësst, Pseudo Followers an wisou mir eis esou oft vun Likes geckeg maachen loossen
Ech hunn dëst Gespréich immens schéin fonnt & et richteg genoss esou intuitiv mam Mady an den Austausch ze goen. Ech sinn mat gespaant wat nach alles wäert enstoen & ween wees villäicht ergëtt sech nach déi eng oder aner Co-Creation...Stay tuned & enjoy the talk!
Du fenns d’Mady hei:
IG: madimagazine
FB: MADI
http://www.madi.lu/