HEARTBEATS DE LUX

HEARTBEATS DE LUX

By VANESSA SANCHEZ WILLEMSSociety & CulturePersonal Journals
Download on the App Store

HEARTBEATS DE LUX episodes

  • Let's talk about mam Véro & Vanessa
    An dëser Episode sinn ech rem mam Véro an d'Gespraich gangen. Mir hun ais iwwert "alles & naischt" ausgetosch oder wei mir ët ëmmer esou schein soen...we go with the flow & trust the process.
    Des Folge ass vermutlech genausou "onperfekt" wei mir ët sinn. Trotzdem kriss du Real Talk op d'Oueren, vill Emotiounen, Laachen an mir huelen dech mat an aisen private Space. Dofir heiers du ais dann och Thei drenken, Uebst iessen & bas mitten drin statt nur dabei!
    Et ass Oktober 2021. 
    An der Welt ass vill lass. 
    Iwerall bebt et. 
    Fassaden briechen an. 
    Villen Menschen, Séilen geet ët nët gudd.
    Ais Gedanken & Impulser deelen mir gären mat dir.
     Ongefiltert. Well sou sinn mir.
    Mir hoffen, dass du an dëser Folge haud daat heiers waats du brauchs, daat fills waats du fillen dierfs. In order to heal we all need to FEEL.
    Mir wenschen dir ganz vill Freed beim Lauschteren.
    Mucho Amor,
    Vanessa & Véro
    1 hr 32 min
  • MICHELE SCHONS VUN HEARTBREATHING
    An dëser Episode ginn ech mam Michèle Schons vun Heartbreathing an d’Gespréich.
    Den Otem...am Prinzip vun eis all en Deel vum Liewen & dach esou of huelen mir des Life Force als selbstverständlech.
    Oft sinn mer eis net wierklech bewosst wei kraaftvoll eisen Otem kann sinn, wei krass en eis an eisem Alldag ënnerstëtzen kann. Ëmmer dann wann mer an engem Emotiounsstuerm sinn, mee och präventiv fir guer net mol dohinner ze kommen.
    An dësem Gespréich:
    hellt Michèle eis mat op eis Weedeelt mat eis wäertvoll Otemtechniken deis du deels ganz relax doheem maachen kannsschwätzen mir iwwert Esoterik VS Spiritualitéit an virun allem wisou keen Mënsch en Guru brauchMir schwätzen iwwert emotionellen Ballast aka eis ënner Poubelle mee ochiwwert dat wonnerbaart Schlass mat deenen 1000 Zëmmer déi och du rëm kanns entdecken, opmaachen & genéissen.
     Ech hoffen, dass des Episode dech nach eemol drun erënnert wei eenzegaarteg ‘s du bass, wei “einfach” dass du no dir selwer kucken kanns ouni onbedéngt vill Suen dofir mussen auszeginn. Ech wënschen mer, dass du Vertrauen an dech (an an d’Liewen!) kanns hunn, dass du verstees, dass sech verletzlech weisen nimools eng Schwächt ass mee en riesen Kaddo. Fir déi aner, mee virun allem och fir dech!
    D’Michèle organiséiert ausserdeem den 21.Mee 2021 owes um 20:00 en GRATIS online Breathwork Event wou's du eranschnupperen kanns. Op deem Wee kanns du vläicht entdecken waats du alles mat & dank dengem Ootmen fir DECH & däin Wuelbefannen maachen kanns.
    Méi iwwert dem Michèle seng Aarbecht fënns du hei:
    https://www.heartbreathing.info
    oder op FB:
    @heartbreathing.info
     Fir den online Schnupper Workshop, deen gratis ass, kanns du dech hei umellen:
    https://www.heartbreathing.info/breathwork/schnupperkurse/?fbclid=IwAR09SUYUHHUTu5Nxf2-wppKxB1CuKXBhj7kxlfr_-OnHS_smU8OQumPKajw
    1 hr 14 min
  • Mady vun MADI MAGAZINE
    Eng schéin Podcast Episode waart op dech. Haut als Special Guest ass 
    d’Mady Lutgen vun MADI Magazine.
    Wat erwaart dech?
    Mady erzielt wat  säin Dram als jonk Meedchen war
    Du gëss méi gewuer iwwert seng Ufäng an der Medien Welt
    Mir hunn geschwat iwwert Talenter & Potential
    Mee awer och iwwert déi Leeschtung & Konkurrenzdenken déi esou oft eis Kreativitéit hemmt
    D’Mady hellt eis mat op d’Rees vun der Kreatioun vum MADI Magazine: vum holpregen Start bis hin zu den Struggles & Succes
    Klengen Sneak Peak vun upcoming events & Projets
    Mir hunn geschwat iwwert Ängschten, Tabuthemen & awer och iwwert dat déift Vertrauen wat Mady an d’Liewen & an seng Ideen huet
    Du gëss gewuer wat d’Haaptthemen am MADI Magazine sinn
    Mir hunn awer och iwwert Spiritualitéit geschnësst, Pseudo Followers an wisou mir eis esou oft vun Likes geckeg maachen loossen
    Ech hunn dëst Gespréich immens schéin fonnt & et richteg genoss esou intuitiv mam Mady an den Austausch ze goen. Ech sinn mat gespaant wat nach alles wäert enstoen & ween wees villäicht ergëtt sech nach déi eng oder aner Co-Creation...Stay tuned & enjoy the talk!
    Du fenns d’Mady hei:
    IG:  madimagazine
    FB: MADI
    http://www.madi.lu/
    1 hr 29 min
  • NADIA VUN VEGAINZ
    Ech freeën mech eng nei Episode mat dir ze deelen!
    D’Nadia ass d’Powerfra hannert VEGAINZ & ech sinn immens frou mat him konnten an d’Gespreich ze goen virun allem ronderem Thema VEGANE Lifestyle.
     
    An dëser Episode: 
    gëss du méi gewuer iwwert dem Nadia säin perséinlechen Parcours
    mir reesen zréck an dem Nadia seng Lycée Zäit & a seng divers berufflech Erfarungen
    erkläert Nadia och säin Wee spriech wéini & wisou et sech entscheet huet vegan ze liewen
    hat deelt mat eis seng Erfarungen als schwanger vegan Fra aka let’s talk about the myths
    hellt Nadia eis och ë bëssen mat an säin Alldag aka wei hat dat och mat sengem Jong ëmsetzt
    mir schwätzen iwwert VEGAINZ, d’Iess-&Trainingspläng dei Nadia op Ufro mëscht
    gëss du gewuer fir wien déi Pläng un sech sinn & wei dat konkret of leeft  wann s du dech dofir interesséiers!
     
    En ganz flott & spannend Gespréich, virun allem fir all déi ënnert iech, déi en klengen Abléck wëllen an dës Thematik kréien & virun allem dem Nadia seng Gedanken dozou héieren wëllen.
    Du fenns d’Nadia:
     op IG ennert 
    @vegainzluxembourg
    @Veganfoodluxembourg
    Seng privat FB Gruppe:
    → https://www.facebook.com/groups/301783867183807
    Seng Email Adress: [email protected]
    1 hr 43 min
  • Vero...let's talk about s€x
    Real, raw & deep
    sou ticken & viben mir zesummen
    Merci Vero et ass ëmmer erëm esou soulful mat dir an
    Gespréich ze goen.
    Enjoy eisen kinky Pot Pourri
    Mir schwätzen iwert...
    Wat sech geännert huet säitdeem mir  “en plus” Mamm ginn sinn
    Intimitéit &vermeintlech perfekten S*x
    Scham-& Scholdgefiller
    Hemmungen & Fassaden
    Libido or not?
    Masturbatioun, Selfcare & mangelnd Sex Educatioun
    Schéinheetsideal aka Merci P****oindustrie
    Balance tëscht mengen Bedürfnisser & déi vun mengem/menger Partner/in
    Feelend Selbstbestëmmung
    Eltern sinn aka keng Freiheet mei?!
    Schein VS SEIN
    Luxusbuerg aka baussen Hui bannen pfui?
    Realtalk aka drop the f***ing mask
    Break tabus
    The double V’s walking their talk
    So….let’s talk about S€x!
    Spread the love, speak up
    or enjoy the show ;)
    1 hr 25 min
  • Am Gespraich mam Carla vun Exact.lu
    Se ass do déi nei Podcast Episode vun Heartbeats de Lux.🎙
     Des Kéier mam Carla vun Exact Lasercut.
    Ech freeën mech ganz vill dech un eisem Gespréich deelloosen ze huelen. Et war gemittlech, onkomplizéiert & authentesch. Alles wat ech gären hun also 
    An dëser Folge gouf geschwat iwwert:
     
    →dem Carla säin Werdegang : vum Architektur Studium bis hin zu senger Selbstännegkeet haut
    →senger Aarbecht & och Organisatioun am Alldag
    →wat genau kritt een bei Exact Laser Cut
    →dem Carla seng “open heart” OP um Laser 💪🏼
    →d’Balance tëschen Clients zefriddestellen & sech selwer net ze vill ënnert Drock ze setzen
    →Mamm ginn, Mamm sinn an esou alles nei strukturéieren virun allem am Job🦹🏽‍♀️
    →Hustle vs Freed & Spaass am Beruff
    Éierlech gesot ass et net esou einfach bal 2Stonnen op e puer Punkten ze reduzéieren.
    Also gënn dir.🥴
    ☕Eng gutt Taass Kaffi oder Thei, Kopfhörer an lass🎧
    🤫Setz dech gemittlech an äis Ronn & enjoy the behind the scences vun 2 indépendants a kreativ Fraen/Mammen/Partnerinnen💃🏽
     
    Du fënns Carla op den Sozialen Medien via @exactlasercutdesign & via seng Webseite www.exact.lu
    1 hr 46 min
  • AM GESPRAICH MAM VERO
    Et ass esouwäit. 
    Haut ass d’Episode mam Vero online gaangen an se ass net onbedéngt eppes fir Leit mat schwaachen Nerven😎
    Jo se ass laang - iwwert 1 Stonn.
    Jo se ass tabulos - mir sinn definitiv vun der Long op d’Zong🔥
     
    Mam Vero hunn mer geschwat iwwert:
     
    🧘🏽Säin Werdegang bis hin zum Yogateacher - vill vun iech kennen et bestëmmt aus dem Grace Studio
    🤸🏽‍♀️seng Practice & säin daily struggle - jo, och als Teacher!
    ✌🏼Wat sech verännert huet säitdeem et Mama ginn ass
    🌿Yoga ass keen Trend
    🙏🏻Overdrive, hustle  vs awareness & compassion
    🤫iwwert Sein & Schein zu Lëtzebuerg
    🤯Mom Ebbs & Flows
    🥴Sexualitéit or not an der Koppel
    💃🏽carrement en ganz neit Konzept vun eis 2 aka Late Night Show with double V
     
    😎Maach dir et relax, gënn dir dës Auszäit vun ongefilterten Wourechten & free dech op all weider Episode déi ech nach mam Vero wäert ophuelen. 
    ‼️Wichtegen Hiweis: an dëser Folge schwätzen mir deels och Adult Stuff, fluchen & laachen ganz vill, besonnesch no der éischter Stonn ;)
    Du fenns d'Vero op Social Media ennert dem Numm "Veryuniqueyoga"!
    1 hr 40 min
  • Ste vun FleuRebelle - selbstänneg Fleuristin zu Lëtzebuerg
    An dëser Episode tauchen mer mam Sté vun FleuRebelle an seng Welt ran. 
    D’Sté huet sech 2016 selbstänneg gemaach mat sengem Blummenbuttick & zielt eis seng Story.
     An dëser Folge:
     🌿schenkt d’Ste der Akerbauschoul vun Ettelbréck en Shout Out
    🌿 kriss du en Abléck an seng Fleuristen Léier
    🌿 zielt Ste eis wat d’Ebbs & Flows vun sengem Wee an der Welt vun den Selbstännegen waren
    🌿verreid d’Ste eis wei säin Alldag ausgesäit als Patronne mee och als Mama
    🌿gëss du gewuer wei et zum Numm FleuRebelle koum
    🌿 kriss du méi Infos iwwert seng eegen Blummen Schmuckkollektioun
    🌿 erkläert d’Ste eis wei et versicht d’Balance ze halen tëscht Business & Family Time
    🌿schnëssen mir iwwert Konkurrenzdenken am Business & och Mombashing (#stopthatshit)
    🌿begleeden eis kleng kosmesch Impulser zum Sté senger Energie🪐✨
    Ech wenschen der ganz vill Freed beim Eralauschteren.
    ✌🏼Wei ëmmer, wann des Episode dir gefält, kanns du se deelen op Social Media, mat dengen Häerzensmenschen & mir ëmmer gären eng Noriicht schécken mat dengen Gedanken an Impulser.
    Dem Ste säin Univers fennst du hei:
    → Weibseite: https://www.fleurebelleluxembourg.com
    → Social Media : fleurebelle @fleurebelle.luxembourg
    → Schmuck Kollektioun : @mademoiselle.fleurebelle
    @heartbeats_de_lux
    @heartseeds.lu
    1 hr 17 min
  • Ween & waat stecht hannert HEARTBEATS DE LUX?
    HEARTBEATS DE LUX 
    Waat ass genau d'Visioun hannert dësem Podcast?
    Ween ech sinn, wei ech ticken & waat mech fasziniert...alles daat kriss du hei op d'Oueren!
    Waat dech an mengem neien Podcast erwaard, ges du an dëser Episode gewuer!
    Enjoy
    [email protected] falls du deng Geschichte mat mir deelen wells! 
    Du fenns mech ennert @heartseeds.lu och op Insta & FB!
    (Heartsbeats ass den neien Bebe vun Heartseeds ;)
    17 min

About HEARTBEATS DE LUX

From the publisher's feed

En lëtzebuergeschen Podcast deen den Mënschen & Geschichten aus eisem Land Raum schenkt.