HEARTBEATS DE LUX

MICHELE SCHONS VUN HEARTBREATHING


Listen Later

An dëser Episode ginn ech mam Michèle Schons vun Heartbreathing an d’Gespréich.
Den Otem...am Prinzip vun eis all en Deel vum Liewen & dach esou of huelen mir des Life Force als selbstverständlech.
Oft sinn mer eis net wierklech bewosst wei kraaftvoll eisen Otem kann sinn, wei krass en eis an eisem Alldag ënnerstëtzen kann. Ëmmer dann wann mer an engem Emotiounsstuerm sinn, mee och präventiv fir guer net mol dohinner ze kommen.
An dësem Gespréich:
hellt Michèle eis mat op eis Weedeelt mat eis wäertvoll Otemtechniken deis du deels ganz relax doheem maachen kannsschwätzen mir iwwert Esoterik VS Spiritualitéit an virun allem wisou keen Mënsch en Guru brauchMir schwätzen iwwert emotionellen Ballast aka eis ënner Poubelle mee ochiwwert dat wonnerbaart Schlass mat deenen 1000 Zëmmer déi och du rëm kanns entdecken, opmaachen & genéissen.
 Ech hoffen, dass des Episode dech nach eemol drun erënnert wei eenzegaarteg ‘s du bass, wei “einfach” dass du no dir selwer kucken kanns ouni onbedéngt vill Suen dofir mussen auszeginn. Ech wënschen mer, dass du Vertrauen an dech (an an d’Liewen!) kanns hunn, dass du verstees, dass sech verletzlech weisen nimools eng Schwächt ass mee en riesen Kaddo. Fir déi aner, mee virun allem och fir dech!
D’Michèle organiséiert ausserdeem den 21.Mee 2021 owes um 20:00 en GRATIS online Breathwork Event wou's du eranschnupperen kanns. Op deem Wee kanns du vläicht entdecken waats du alles mat & dank dengem Ootmen fir DECH & däin Wuelbefannen maachen kanns.
Méi iwwert dem Michèle seng Aarbecht fënns du hei:
https://www.heartbreathing.info
oder op FB:
@heartbreathing.info
 Fir den online Schnupper Workshop, deen gratis ass, kanns du dech hei umellen:
https://www.heartbreathing.info/breathwork/schnupperkurse/?fbclid=IwAR09SUYUHHUTu5Nxf2-wppKxB1CuKXBhj7kxlfr_-OnHS_smU8OQumPKajw
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

HEARTBEATS DE LUXBy VANESSA SANCHEZ WILLEMS