Sign up to save your podcasts
Or

D'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Ugefaang huet alles mam Danz. An zwar net den übleche Ballet- oder Hiphop-Unterrecht. Nee, beim Magaly war dat op engem ganz aneren Niveau! Mee och Gesang spillt a sengem Liewen eng wichteg Roll. Wann hatt mat senger Fado-Band optrëtt, fillt hatt sech senge portugisesche Wuerzele ganz no.
Och wann een d'Magaly als Energiebündel bezeechne kann, deem seng positiv Ausstralung ustécht, wëll dat net heeschen, dass hatt net och déi schwiereg Phase kennt, wann den Applaus bis verklongen ass. Dann dauchen – grad wéi bei all Kënschtler – och bei him Dämonen op.
D'Magaly schwätzt mat vill Passioun iwwert de Beruff vum Schauspiller, mee erzielt grad sou offen iwwert déi negativ Gefiller, Zweifel an Ängscht, déi mat dësem Liewensstil verbonne sinn. En Thema, wat oft Tabu ass.
Hosts: Émile V. Schlesser & Fabien Colas
Instagram: @35mfilms
www.35mfilms.com
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture
By 35M FilmsD'Magaly Teixeira ass eng spannend Kënschtlerin mat ville Facetten. Ugefaang huet alles mam Danz. An zwar net den übleche Ballet- oder Hiphop-Unterrecht. Nee, beim Magaly war dat op engem ganz aneren Niveau! Mee och Gesang spillt a sengem Liewen eng wichteg Roll. Wann hatt mat senger Fado-Band optrëtt, fillt hatt sech senge portugisesche Wuerzele ganz no.