Schéine gudden Hallo vun engem eenaarmege Geméis-Snob an engem gehierlose Schweed. Sëtzt iech un den Dësch, dat (on)perfekten Dinner ka lassgoen. Als Entrée gëtt et den Toiletten-Handbroch, presentéiert vum Sidsel, oder wéi et och nach genannt gëtt: Haip. Iwwregens: Just hei gëtt et déi onzenséiert Versioun vun der Geschicht, déi mol net den Dokter ze héiere krut. A propos Saachen di ee besser huet net auszeschwätzen: Als Haaptplat hätt d’Cat e Koriander-Gate unzebidden. Iwwer Dessert léisst sech och ëmmer diskutéieren, virun allem wann d’Sidsel säin Avocado-Justus raushänke léisst an d’Cat soll agefruer ginn. Ma dann, dot iech waarm un!