Moiesstudio

Méi Natur an eise Schoulhäff


Listen Later

E groe Rechteck mat e puer triste Beem an engem Klotergestell drop, dat ass d'Bild a ville Schoulhäff uechter d’Land. Dat soll sech no an no änneren: Virun zwee Joer huet den Ëmweltministère den Appel à Projets “Méi Natur an eise Schoulhäff lancéiert. D’Gemenge sollten iwwert deen Opruff encouragéiert ginn, fir nees méi Gréngs an d’Schoulen ze bréngen. Bei der éischter Editioun virun 2 Joer hat d’Gemeng Déifferdeng gewonne mat hirem Projet fir d’Schoul Um Bock zu Uewerkuer. A wat do genee geplangt, oder scho realiséiert ginn ass, dat war d’Paule Rodesch sech fir eis ukucken.
Déi nächst Editioun vum Appel à projets gëtt elo am Hierscht lancéiert a wäert net just fir Schoulhäff gëllen, ma och fir d'Renaturéierung vun ëffentleche Plazen, huet eis den Ëmweltministère matgedeelt.
...more
View all episodesView all episodes
Download on the App Store

MoiesstudioBy radio 100,7