
Sign up to save your podcasts
Or


Wéi kann ech dat vir mech, a mat Partnerpersoune ëmsetzen?
Et geet drëm kee bestëmmt Ziel ze hunn, an de Sex, sou wéi e grad ass, bewosst wouer ze huelen an ze erliewen.
An dëser Rubrik geet et em konkret Methoden déi hëllefe kenne méi bewosst Sex ze hunn.
Vill Leit erliewen wärend hirer Schoulzäit Mobbing, entweder direkt oder kréien et zumindest an der Klass mat. Dobäi kënnen sech Leit, déi gemobbt ginn, oft eleng fillen. De Joël, Lynn a Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarungen, wat dat längerfristeg mat hinne gemaach huet a wat hinne gehollef huet.
D Rubrik gëtt et wéi (neierdéngs) gewinnt d nächste Freiden.
Ulafstellen:
Op gutt Lëtzebuergesch heescht dat näischt aneres wéi bewosste Sex hunn. Mee si mer net all bei der Saach wa mer Sex hunn? Wat heescht conscious sex genau, a wou kennt et hir? A wat kann ech konkret maache vir méi bewosste Sex ze hunn?
Dorëm geet et an dëser Rubrik.
Méi Wéi Sex feiert säin 200 Episoden Jubiläum a säi bestoen säit 2018! Zu deem Ulass beschwätzen Kelly an Joël als dienst-älteste Memberen vum Team d'Geschicht vu Méi Wéi Sex a ginn an Abléck hannert d Kulissen: wéi décidéieren mir amfong eis Themen, wéi huele mir op, a wat geschitt nom Ophuelen?
Mir hunn dann och gezielt wee vum aktuellen Team wéi oft mat dabäi war - an a wéienge Konstellatiounen (Episod 1 bis 199 inclus):
Joël: 100 Episoden (säit Staffel 2)
Kelly + Joël: 27 Episoden
Déi éischt Ëmfro iwwert sexuell an affektiv Gesondheet zu Lëtzebuerg gëtt eis endlech Zuelen zu wichtegen Theme wéi Queerness, Verhütung, sexuell Bildung, sexualiséiert Gewalt, a nach vill méi. 2.371 Persounen iwwer 18 Joer goufe befrot. D’Studie soll et erméiglechen, d’Problemer a Bedierfnisser an dësem Beräich besser ze verstoen a nei Interventiounen ze entwéckelen déi un d’Realitéit um Terrain ugepasst sinn. Du wëlls méi doriwwer wëssen, wéi et em d’sexuell an affektiv Gesondheet vu Lëtzebuerg steet? Da lauschter eran an d’Rubrik vun dëser Woch.
Hëllef fir Betraffener vu Gewalt:
Erwäänten Episode:
Ëmfro:
Schonn iert mir déi éischte Kéier mat enger anerer Persoun Sex hunn, hu mir eng Sexualitéit. D*e Robin an de Joël schwätzen an dëser Episod doriwwer, wéi déi Zäit fir si ausgesinn huet: Dat bedeit engersäits Masturbatiounstipps aus der Bravo, Pornoen an Hentaien mat Kolleg*innen kucken an erotesche Begéinunge mat Uebst a Geméis, mä anerersäits awer och eng Zäit vun Allengsinn a Verlaangeren, déi net ëmmer einfach ass. A wann déi eng drënner gelidden hunn, laang missen ze waarden, wënschen sech anerer vläicht, si hätten sech méi Zäit geholl. Dobäi kënnt, datt et guer net esou einfach aus erauszefannen, wéini mir prett si fir déi éischte Kéier.
Ech gi moies wakereg, a muss gläich an d’Schoul oder op d’Schaff. Mee e puer Minutte vir séier nach ze masturbéieren hunn ech vläit nach.
Et ass 10 Auer Paus. Séier op d’Toilette masturbéieren.
Mëttesstonn? Grad eppes giess, a lo nach Zäit vir ee Kaffie? Nee, de skippen ech léiwer a rubbele mer nach een.
Ze vill? Ze oft?
Dorëm geet et an dëser Rubrik.
Egal ob een*t selwer drénkt oder net, Alkohol ass e feste Bestanddeel vun eiser Feier- a Rausgokultur. Den Afloss vun dësem Rauschmëttel op eis sozial Dynamiken ass dobäi net ze ënnerschätzen. An der Episod erzielen den Elie, d'Ella a Robin iwwer hire Erfahrungen mat Alkohol - souwuel mat drénken wéi och mat niichter sinn. Si ginn drop an, wéi Alkohol eis Sexualitéit verännere kann, an wourop een*t beim Mix vun Alkohol a Sex oppasse sollt.
D'Rubrik ass net wéi gewinnt um Enn, mee kënnt d'nächst Woch :)
Studie zu Alkohol a Konsens
d'Pëll an Alkohol
Ask for Angela - Secherheet beim Rausgoen
An der läschter Rubrik (Kapitel 3 vum “Come Together") huet Kelly iwwert den Emotional Floorplan geschwat: däin emotionale Grondrëss, deen aus 9 verschiddenen Raim besteet. An dëser Rubrik geet et drëm, wei den Emotional Floorplan dir (an denger Bezéiungspersoun) kann dobai hëllefen erausfanne, wéi's du/dir méi oft an déi Raim kenns/kommt, wou Loscht a Pleséier stattfënnt!
Weiderféierend:
Quelle: Kapitel 4 vu "Come Together" vum Emily Nagoski
Ob een*t lo mat myspace oder Tiktok grouss ginn ass, den Internet bleift den Internet - a Social Media e grousse Bestanddeel vum Liewe vu ville Leit. De Joël an den Elie diskutéieren an dëser Episod, wéi sech sozial Medien an hire Liefzäite verännert hunn, a wéi eng Risiken an Avantagen déi selwecht bliwwe sinn. A natierlech gi si och op déi géigewäerteg Diskussiounen zum potentielle Social Media Verbuet vu Jonker an.
Resourcen:
Dem Joël seng Recherche iwwer Social Media fir d'Woxx
Opklärung iwwer Scams
BeeSecure fir Hëllef an Opklärung
D'Rubrik ass net wéi gewinnt um Enn, mee kënnt d'nächst Woch :)