Dës Kéier geet et och am zweeten Deel ëm Konstruktiounen, déi ganz typesch Lëtzebuergesch sinn: menger Schwëster hir Duechter. Mir kucken, wat dës Konstruktioun mam Genitiv ze dinn huet an och wéi se entstanen ass.
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit - E puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut gi mer nees bei e grammatescht Theema resp. maachen den Deel 2 vun "menger Schwëster hir Duechter".
C: Richteg, d' Konstruktioun, iwwert déi mer d' lescht Woch geschwat haten, mat menger Schwëster hir Duechter, hat ech a Bezuch op den Hatt-si-Phenomeen erkläert. Dat war de Rapport tëscht 'menger Schwëster hir Duechter' a 'menger Schwëster seng Duechter'. An haut wëll ech am Fong op déi Konstruktioun agoen. Elo wëll ech am Fong gäre kuerz erklären, wéi déi possessiv Konstruktiounen entstinn. Dat sinn déi Besëtz- oder Relatiounskonstruktiounen, fir ze soen, menger Mamm hiren Auto, mengem Hond säi Bett oder mengem Meedche seng bescht Frëndin, etc.
Et huet mech nämlech immens interesséiert, dass déi Konstruktiounen och am Däitschen existéieren, mee do gëlle se als Substandard. Do kann ech net an all Kontext soen, "meiner Schwester ihre Tochter". Do géif ech soen, "die Tochter meiner Schwester". Do maachen ech e Genitivattribut, wat hannendrunner steet.
S: Dat ass am Däitsche jo och ganz normal, nee? Also mam Genitiv.
C: Absolut. Grad de Genitiv-S ass eppes, wat mer immens prominent aus dem Däitsche kennen: die Tochter meines Bruders. Mee dat hu mer am Lëtzebuergeschen net. Dat heescht, déi Zort Genitivattribut kënne mer am Lëtzebuergeschen iwwerhaapt net bilden. An dofir hu mer epeps aneres an dat nenne mer de possessiven Dativ.
S: Dat muss de vläit méi genee erklären.
C: Mir huelen en Dativ mat engem Possessivartikel, also meng Schwëster, mäi Brudder. Da setze mer dat an den Dativ "menger Schwëster" oder "mengem Brudder". An dann hannendrunner dat, wat zu där Persoun gehéiert. Also menger Schwëster hir Duechter, mengem Brudder seng Duechter, dem Noper seng Duechter asw.
S: Mee och am Däitschen existéiert dat, nee?
C: Also wann ech da géif soen, "meinem Brudder seine Tochter" – dann ass dat schonn e bëssen net esou elegant am Däitschen. Dat heescht, dat ass net Standarddäitsch, well do géif de Genitiv higehéieren. Mee et sinn nawell Konstruktiounen, déi een am geschwaten Däitschen esou kann héieren. Also jo, se existéieren! An och a villen Dialekter.
A wéi déi Konstruktioun entstanen ass, ass am Fong och super interessant.
S: Wéi koum et dann dozou?
C: Ganz am Ufank war et einfach eng Kombinatioun vun engem normalen Dativobjet (fir déi, déi méi frou mat der franséischer Grammaire sinn, dat ass de COI, de Complément d' Objet indirect). An do hu mer eng Kombinatioun vu Wierder, déi esou no beienee stinn, dass se nei analyséiert ginn.
S: Hues de do e Beispill fir eis?
C: Naturellement. An zwar hu mer eppes wéi "Hien huet der Fra hir Posch geklaut". Elo humer d'Verb 'klauen', et gëtt engem eppes geklaut an et gëtt eppes geklaut. Dat heescht, fir "klauen" brauch ech dräi Matspiller am Saz. Ech brauch ee Sujet, hien. Ech brauch déi Persoun am Dativ, där eppes geklaut gëtt (der Fra). An da brauch ech och nach en Akkusativ, an zwar den Objet, dee geklaut gëtt (hir Posch). A schonn hunn ech do stoen, "hie klaut der Fra hir Posch". Lo kann ech awer och froen, wat klaut en?
S: "der Fra hir Posch".
C: Exakt. An domat sinn zwee Sazglidder zesummegeréckelt, déi ech wéi eng nei Eenheet verstinn. Well eigentlech gouf enger Persoun eng Posch geklaut. Mee an der Kombinatioun ass et d'Posch vun der Fra, am Saz niefteneen als "der Fra hir Posch".
Also sinn déi possessiv Dativen aus engem normalen Dativ eraus entstanen an déi loosse sech dann esou kombinéieren, dass ee seet "hir Posch" > Wiem seng? > Ma der Fra hir Posch. Ursprénglech huet een dës Konstruktioun also ganz vill bei Verbe gehat, déi souwuel en Dativ wéi och en Akkusativ fuerderen. A wann ech dann do nach e bëssen sou eng Relatioun tëscht deenen zwee Matspiller hunn, dass mer eng Besëtzrelatioun hunn zum Beispill wéi hei, da ka sech dat verfestegen.
S: Wéi kéint een et da soss nach ausdrécken? D'Posch vun der Fra?
C: Jo! Wéi s de richteg sees, kéint een natierlech och soen "d'Posch vun der Fra". Mat der Prepositioun "vun" loosse sech allgemeng ganz vill Relatiounen ausdrécken.
Op där anerer Säit hu mer de possessiven Dativ och op Plaze wéi: Wiem säin Handy ass dat? Him säin! Do géif "säin" jo scho bal duergoen. Par conter kann ech elo net soen "mir mäin". Do muss ech eleng de "mäin" huelen.
An dat fannen ech richteg spannend! Et huet warscheinlech mat der Fro ze dinn "wiem säin", déi da just als "him säin" kann ergänzt ginn. Well all déi aner pronominal Äntwerte sinn net kombinéierbar. Ech ka jo och net "hir hiren" soen, mee einfach "hiren".
S: Dem Caroline seng Emissioun ass haut eriwwer.
C: Schick agebaut! A leider jo!
S: Dat war nees eng schéi grammatesch Episod fir haut a mir freeën eis och op weider Episode mat dir! Merci, Caroline!
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!