Wéi all Joer um 20. Juni ass haut de Weltflüchtlingsdag: Ee Gedenkdag vun de Vereenten Natiounen.
Dat Lëtzebuerger Rout Kräiz confirméiert, datt et hei am Land Problemer an de Strukture fir Flüchtlingen an Asyldemandeure ginn. De Generaldirekter Michel Simonis schwätzt vun enger “grousser Prekaritéit”: Et géif “dramatesch” u Plazen an dëse Strukture feelen, huet de Michel Simonis op eis Nofro hin erkläert.