Moiesstudio

Moiesstudio

By Radio 100,7News
Download on the App Store

Moiesstudio episodes

  • Ukrain-Suen: EU gëtt sech eens, mee Merz a von der Leyen stiechen Néierlag an

    D’EU fënnt ee Kompromëss fir d’Ukrain an den nächsten zwee Joer 90 Milliarden Euro zoukommen ze loossen, ouni dobäi déi russesch Staatssuen, déi zënter dem Krich an der Ukrain an der EU blockéiert sinn, ze benotzen.

    De Plang gesäit vir, datt d’EU selwer Scholde mécht. Dobäi géifen awer net all déi 27, mee just 24 Memberlänner matmaachen.

    Eng wichteg Zouso fir d’Ukrain, mee eng politesch Néierlag fir den däitsche Kanzler Merz an d’Kommissiounscheffin von der Leyen, déi sech mat vill Ongeschéck dofir agesat hunn, datt dat russescht Staats-Verméigen déi eenzeg Léisung fir ee Finanzement vun der Ukrain wier.

    Eng Analys nom EU-Sommet vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

    7 min
  • Debat SAMU-Besetzung: Wou Donnéeë feelen, gi falsch Prioritéite gesat
    D'Diskussioune ronderëm d'SAMU-Besetzung sinn zënter Enn Oktober e grousse Sujet an de Medien. Wien ass dee besseren Dokter: Den Urgentist oder den Anästhesist? Geet et ëm d'Suen oder ass et e Muechtkampf? D‘Diskussioun riskéiert bei de Bieger:innen Onsécherheet auszeléisen. Den Debat gouf falsch ugepaakt an de CGDIS steet dofir elo an der Verantwortung, mengt d’Michelle Barthel an engem Commentaire.
    4 min
  • Lumpy-Skin-Disease
    Zënter Enn Juni grasséiert a Frankräich, Spuenien an Italien déi sougenannte Lumpy-Skin-Disease, d’Dermatose Nodulaire. Déi héich ustiechend a meldeflichteg Viruserkrankung betrëfft virun allem Ranner. Dausende Béischte goufen dout gemaach, zanter den éischte Fall bei eise franséischen Noperen detektéiert gouf. Mir hu bei der Veterinärinspektioun ALVA nogefrot, wéi sech d’Kränkt genee äussert a wéi héich de Risiko ass, datt se och hire Wee op Lëtzebuerg fënnt.
    4 min
  • Jazz am Gudde Wëllen
    Dëse Samschdeg a Sonndeg gëtt et Jazz am Gudde Wëllen. Wéi déi lescht Jore spillen op deenen zwee Deeg d’Lëtzebuerger Museker Pascal Schumacher, Greg Lamy, Marc Demuth a Jeff Herr.
    2 min
  • Affekot vum Jos Nickts rifft 100,7 dozou op säi Mandant net méi ze nennen
    Den Affekot vum Jos Nickts rifft verschidde Medien dozou op fir den Numm vum fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft net méi ze nennen. De Maître Jean-Paul Noesen huet en deementspriechende Bréif un d'Tageblatt, u Reporter.lu, un de Lëtzebuerger Journal an och un eis hei vum 100,7 geschéckt, esou wéi hien dat scho viru Kuerzem am 100,7-Interview ugedeit hat.
    E Lëtzebuerger Geriichtsuerteel, dat Enn November a Cassatioun confirméiert gouf, verbitt jo RTL Lëtzebuerg fir den Numm vum Jos Nickts a Relatioun mat sengen Aktivitéiten als fréiere President vun der Bréifdréieschgewerkschaft ze nennen. Den 100,7 ass net vun deem Urteel viséiert an huet den Numm och weider benotzt.
    Wéi gi mir hei um 100,7 elo mat deem neie Bréif ëm? Erklärunge vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck
    5 min

About Moiesstudio

From the publisher's feed

Besser informéiert an den Dag